
D’Firma gesäit doran eng Verletzung vun der Meenungsfräiheet.
D’Medienopsiicht FCC hat d’Iwwerpréiwung am Abrëll ugekënnegt, obwuel d’Lizenzen eréischt vun Oktober 2028 un um Ordre du jour stinn. Et war déi éischt esou wäit virgezunnen Iwwerpréiwung zanter méi wéi 50 Joer.
Den US-President Donald Trump hat ëmmer nees gefuerdert, ABC d’Sendelizenzen ze entzéien, ënner anerem wéinst kritesche Beiträg an dem Programm vum Sender.
D’FCC ermëttelt och géint déi bekannte Polit-Talkshow "The View“. D'Emissioun mat engem Moderatiounsteam, dat just aus Frae besteet, leeft zanter 1997 an ass eng vun de meeschtgekuckte Shows am Dagesprogramm.