
Nodeems e Grupp Alpinisten owes net zeréckkomm ass, goufen d'Secouristen alarméiert, déi d'Läiche vun deenen dräi Persounen op enger Héicht vun ronn 3.600 Meter entdeckt hunn.
D'Biergrettung geet dovunner aus, dass déi dräi Alpinisten un der Nordwand ofgestierzt sinn. D'Ëmstänn sinn nach net kloer, gewosst ass, dass et sech bei Zwee vun den Affer ëm italieenesch Staatsbierger handelt. D'Identitéit vum drëtten Affer ass bis ewell net gekläert.