
D’Leit stoungen deen Ament bei engem Bushaischen an der Géigend vun der Universitéit. Der schweedescher Police no sinn dobäi dräi Persounen ëm d’Liewe komm, dräi weiderer goufe blesséiert.
De Chauffer vum Bus, deen u sech hätt sollen hors service sinn, gouf festgeholl a gëtt interrogéiert. Déi genee Hannergrënn vum Virfall, beispillsweis ob et sech ëm en Accident gehandelt huet, si bis ewell onkloer. De schweedesche Premier Ulf Kristersson huet um Kuerznoriichtendéngscht X de betraffene Famillje säi Bäileed ausgeriicht.
Nom déidlechen Virfall geet d’Police antëscht vun engem Accident aus. Éischten Erkenntnisser no hätt de Chauffer net express gehandelt.