Mord u fréierem ukrainesche ParlamentspresidentE Mann op engem Vëlo soll den Andrij Parubij zu Lwiw erschoss hunn

RTL Lëtzebuerg
De fréiere Chef vum ukrainesche Parlament Andrij Parubij ass an der Stad Lwiw ëm d'Liewe komm.
© AFP

Wéi déi ukrainesch Autoritéite mellen, wier de 54 Joer ale Politiker vun enger Persoun op engem Vëlo erschoss ginn. De presuméierten Täter soll fir ee Liwwerdéngscht schaffen. Hien hätt e puer Mol op de Politiker geschoss. D’Enquête an d’Sich nom Mann sinn aktuell nach amgaagnen. Den Andrij Parubij war vun 2016 bis 2019 Parlamentspresident. Hie kënnt aus dem rietse politesche Spektrum, huet sech awer zu engem spéideren Zäitpunkt ëmmer méi pro-europäesche Beweegungen ugeschloss a gëllt och als eng vun den Haaptfiguren vun der Maidan-Revolutioun an der Ukrain 2014.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet de Familljemembere vum Politiker säi Bäileed ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO