E Mëttwoch de Moien hält d'EU-Kommissionspresidentin Ursula von der Leyen hir traditionell an héich erwaarte Ried zur Lag vun der Unioun (State of the Union) virum Europäesche Parlament zu Stroossbuerg. An enger Zäit vu grousse globalen Erausfuerderunge gëtt dës Ried mat Spannung erwaart a riicht scho mol de politesche Kompass fir déi nächste Joren.
Ënnert anerem wäerten e Mëttwoch de Jugendschutz, d'KI, Geopolitik a Sécherheet, sou wéi d'Bürokratie an der EU Themen op der Prioritéitelëscht sinn. An dëser Ried wäert awer och eng Bilanz vum leschte Joer gezu ginn.
Bei eis gëtt et déi komplett Ried vun der EU-Kommissiounspresidentin zu Stroossbuerg am EU-Parlament am Stream, dat live moies vun 8:45-12:00 Auer.