Den US-President suergt quasi all Dag fir Schlagzeilen. Souguer um Weltwirtschaftsforum zu Davos. Do, wou sech de President Trump grad ophält, gëtt et enk. Sief et, wat d’Gäscht ubelaangt, déi seng Ried net verpasse wëllen, respektiv wat d’Presenz vun de Medievertrieder ubelaangt, fir déi jiddwer Ausso eng Schlagzeil wäert ass. Oder sief et a puncto Wirtschaft oder wat d’Politik ubelaangt.
“Wat Grönland ubelaangt, well dëst dat wichtegst Thema an de leschten Deeg war, ass et berouegend, datt hien eng Offer mécht, fir et ze kafen. Wann d’Offer net akzeptéiert gëtt, wäert hien natierlech net zefridde sinn. Awer hie wäert net op Gewalt zeréckgräifen”, esou d’Reaktioun vum kroatesche Premier Andrej Plankovic e Mëttwoch zu Davos no der Ried vum Donald Trump. Den Toun war bei där Ried war manner aggressiv. Och wann den Trump bei der Meenung bleift, datt Grönland Deel vun den USA misst sinn a just säi Land deen Territoire schütze kéint.

Um Mëttwoch den Owend no enger Reunioun mam NATO-Generalsekretär Rutte koum et du schonn nees zu engem Revirement. “Et ass e wierklech gudden Deal fir jiddereen, wierklech gutt, d’Leit si ganz zefridden. Ech hunn d’Taxen ewechgeholl, well et ausgesäit, wéi wa mir d’Konzept vun engem Deal hätten”, esou den US-President.
Déi ganz Situatioun also fräi nom Motto: den Hunn um Kierchtuerm dréit sech ëm 180 Grad. Europa an d’Welt hunn emol opgeotemt. D’Stroftaxe fir Europäesch Staaten, déi d’Trump Politik a puncto Grönland kritiséiert hunn, waren op ee Mol vum Dësch. Den NATO-Generalsekretär Marc Rutte erkläert, wéi d’Konzept vun dem Deal ausgesäit: “Ass et am Nordatlantik-Rot? Ass et vun Niveau vum Kommando? Mir wäerten et gesinn. Mä dat Wichtegst ass net den internen Entscheedungsprozess. Et geet drëm, datt mir déi arktesch Regioun schützen an d’Visioun vum President ëmsetzen, datt mir eng sécher arktesch Regioun brauchen.” Geléist ass domat d’Grönland-Fro awer sécher nach net.
Den Donald Trump wëll bekanntlech an d’Geschicht agoen, als den US-President, deen d’Welt méi sécher gemaach huet. An dofir gouf en Donneschdeg de Moie säi “Friddensrot” offiziell lancéiert. Ageluede goufen eng 60 Staaten, bäigetruede sinn elo emol 21 Länner, wéi ënner anerem Argentinien, Ägypten, Israel, Katar, Tierkei oder Ungarn. Bis ewell hu sech awer aner Alliéiert, wéi Groussbritannien, Frankräich an Däitschland net ugeschloss. “Ech hunn ëmmer gesot, d’Vereent Natiounen hätten en enormt Potenzial, awer si hunn et net ausgenotzt”, ass vum Donald Trump ze héieren. De Friddensrot also als Konkurrent fir d’Vereent Natiounen?
Op Liewenszäit soll de President Trump den Zepter am Friddensrot schmäissen. Dem Trump seng Deals a Kricher wéi Gaza oder der Ukrain iwwerzeege bis elo net. Just déi militäresch Stäerkt vun den USA spillt do eng entscheedend Roll. Dat och en Donneschdeg de Mëtteg, wéi Trump a Selenskyj nees emol zu Davos zesummesouzen. Am Gespréich huet den ukrainesche President eent kloer ënnerstrach: “De Maduro steet zu New York viru Geriicht. Sorry, ma de Putin net!”
D’Dokumenter, mat deenen d’russesch Invasioun op en Enn kéint bruecht ginn, wiere bal fäerdeg, esou de Selenskyj no der Reunioun mam Trump. De Weekend iwwer soll et weider Gespréicher ginn.