Ongewéinleche Virfall bei WanderungEeler Koppel gëtt an Éisträich vu Kéi néier getrampelt

RTL Lëtzebuerg
Dacks kënnt et bei Wanderungen zu déidleche Virfäll, ma bis ewell waren dobäi nach keng Kéi involvéiert respektiv Schold. 

En ongewéinleche Virfall bei enger Wanderung gouf et awer lo an Éisträich. Eng eeler Koppel war mat hirem Hond zu Ramsau beim Dachstein ënnerwee, wéi si vun enger Trupp Kéi iwwerrascht gouf.

U sech näischt Ongewéinleches. D’Déiere lafen an deene Regiounen dacks fräi.

An dësem Fall huet d’Koppel en Trupp Kéi mat hire Klenge begéint, déi wuel opgeschreckt goufen. D’Déieren hunn d’eeler Koppel ugegraff an hu se néier getrampelt. De Mann vu 85 Joer gouf därmoosse schro blesséiert, dass hie spéider am Spidol verscheet ass. D’Fra vun 82 Joer wier liewensgeféierlech verwonnt ginn.

Zeien an e Bedreiwer vun enger Hütt haten nach éischt Hëllef geleescht an de Rettungsservice alarméiert.

Back to Top
CIM LOGO