
Matzen am Ugrëffskrich géint d’Ukrain wielt Russland vun haut un e neit Parlament. Bis e Sonndeg sinn d’Wallokaler op a bestëmmt ginn musse 450 Sëtz fir d’Duma. Alles an allem sinn 110 Millioune Russen an 11 Zäitzonen opgeruff ze wielen. Donieft sinn och Regional- a Kommunalwalen.
Eng kloer Victoire vum Wladimir Putin senger "Vereenegt Russland-Partei" gëllt als sécher, well d’Oppositioun guer net zougelooss ass. Hie selwer schwätzt vun engem Vott als Symbol fir déi russesch Eenheet. Auslänneschen Observateuren ass et net erlaabt, sech e Bild ze maachen.
Fir d’éischte Kéier gëtt iwwregens och an den ukrainesche Gebidder, déi vu Russland annektéiert goufen, gewielt, also an de Regioune Luhansk, Donezk, Kherson a Saporischija.