
Krich an der Ukrain an am Iran, Pëtrolskris a Budgetsnegociatiounen. Keng einfache Sujete fir den informellen EU-Sommet op Zypern. Mee d'Stëmmung ënnert de Staats- a Regierungscheffen ass däitlech besser wéi soss. Dat kéint doru leien, dass den ofgewielten ungaresche Premier Viktor Orban net méi derbäi ass a sech net méi queesch leeën kann, wa Sanktioune géint Russland decidéiert ginn. “Endlech ouni Russland” sot de polnesche Regierungschef Donald Tusk.
Iwwerdeems hunn d'EU-Staaten d’Kommissioun beoptraagt fir e Plang auszeschaffen, dee festleet, wéi een am Fall vun engem bewaffenten Ugrëff op ee Memberstaat wëll reagéieren. Déi sougenannt “Beistandsklausel” am Artikel 42.7 vum EU-Vertrag gouf bis elo just eemol aktivéiert – no der Terrorattack vu Paräis am Joer 2015, wéi Frankräich d'Hëllef vun de Partnerstaaten ugefrot hat.
Den däitsche Kanzler Merz huet um Sommet och nach proposéiert fir d'EU méi enk un d'Ukrain ze bannen. Zum Beispill soll d'Ukrain am Parlament an an der Kommissioun vertruede sinn, awer ouni Stëmmrecht. Dat soll d'Bäitrëttsverhandlunge acceleréieren, sou de Friedrich Merz, deen och seet, hien hätt vill Support fir seng Iddi kritt.