
Iran-Krich an EU-Budget. D‘Sujete kéinten dëse Freideg um informellen EU-Sommet net méi komplex sinn. Op d'mannst konnt den ukrainesche President Selenskyj en Donneschdeg den Owend mol nees eng Kéier ganz zefridden an zouversiichtlech en EU-Sommet verloossen.
De Viktor Orban aus Ungarn blockéiert net méi. E Kredit vun 90 Milliarden Euro geet no laangem Hin- an Hir an d'Ukrain. De Wolodymyr Selenskyj ass erliichtert.
"Ech soen den EU-Leadere 'Merci' fir hir unanime Decisioun. Et ass eng positiv Decisioun. Et geet net nëmmen ëm Krich u sech. Et geet och drëms, eis Arméi ze stäerken. Et geet ëm Iwwerliewen."
Suen also fir d'Droneproduktioun, fir d'Verdeedegung, fir d'Iwwerliewen, och an engem net-militäresche Sënn. Nom raue Wanter muss vill Energieinfrastruktur gefléckt ginn. Och dofir sinn déi Suen, huet den ukrainesche President erkläert. Dem Orban säin Depart mécht och de Wee fräi fir nei Sanktioune géint Russland – ënnert anerem d'Droneproduktioun ass viséiert. An iwwer eng Erweiderung vun der EU ka rëm méi intensiv diskutéiert ginn. Montenegro an Albanien, a méi laangfristeg d‘Ukrain kommen a Fro.
E Freideg steet de Krich tëscht den USA an dem Iran am Fokus an d'Fro, wéi d'EU nieft gudde Réit an Appeller soss nach agräife kann, fir d‘Strooss vun Hormus nees opzekréien. Sanktioune géint den Iran kéinte méi labber gemaach ginn, fir d'Iraner méi no bei en Accord ze drécken. D'EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas warnt awer, d‘Themen Nuklearwaffen, Ënnerstëtzung fir Milizen an hybrid Attacken an Europa dierften net op déi liicht Schëller geholl ginn.
"Soss hu mir duerno méi e geféierlechen Iran. Mir stäerken de Regime soss. Mir musse vill schwätze mat allen Acteuren an der Regioun. Mir mussen d‘Problemer all uschwätzen. D‘EU ka bei de Verhandlungen hëllefen.“
D‘EU misst also d‘Partnerschafte mat aner Staaten an der Regioun stäerken, fënnt och den zypriotesche President Nikos Christodoulides.
"Ech sinn houfreg, dass mir d‘Leaderen aus Ägypten, Jordanien, Libanon a Syrien bei eis hunn."
E Freideg ginn awer och d'Gespréicher iwwer den EU-Budget fir d'Joren 2028 bis 2034 un. Grad a Krisesituatiounen a strapazéierte Staatsfinanze bedeite pluriannuell EU-Budgete meeschtens zéi Negociatiounen. De Luc Frieden ass zum Beispill géint eng EU-Steier um Tubak.
"Esou wéi an der nationaler Politik sinn ech der Meenung, dass d'Steieren net sollen dauernd eropgoen. Wann ee wëllt, dass d'Leit d'Kafkraaft hunn, wann ee wëllt, dass d'Entreprisë Suen hunn, fir ze innovéieren a fir d'Aarbechtsplazen ze bezuelen, da kann een d'Steieren net dauernd erhéijen. Verschidde vun deene Propositiounen, déi vun der Europäescher Kommissioun virgeluecht gi sinn, si géint de Prinzip vun der Kompetitivitéit an déi belaaschte verschidde Länner méi wéi anerer, dorënner Lëtzebuerg. An duerfir ass dat de Parameter, mat deem mir virginn. Et muss e faire Bäitrag sinn."
Dem Lëtzebuerger Premier Luc Frieden no si scho vill Suen am EU-Dëppen. Et wär deemno méi eng Fro, fir se anescht ze notzen.