
D’EU-Memberlänner sichen de richtegen Ëmgang mam Iran a mat den Energiepräisser, déi wéinst dem Krich staark geklomme sinn. Op engem informellen EU-Sommet op Zypern hunn d'Staats- a Regierungscheffen beim Owesiessen driwwer geschwat, wéi een d'Situatioun géint berouegen. Däitschland sot, et kéint een zesumme mat Partner eventuell Sanktioune géint den Iran deels ophiewen, wann d'Strooss vun Hormus nees opgeet.
Eng Verschäerfung vun de Sanktioune war eréischt no de Protester am Iran mat méi wéi 17.000 Doudegen decidéiert ginn. Haut sollen d'Gespréicher iwwer den Iran-Konflikt weidergoen. Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden ass zu Nikosia mat derbäi.
Virum Sommet gouf et Réckewand fir en EU-Bäitrëtt vun der Ukrain. D’EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen an de Rotspresident Costa hunn den ukrainesche President Selenskyj op Zypern fir Gespréicher gesinn.
E weideren Hëllefspak fir d'Ukrain ass jo duerch, well Ungarn net méi blockéiert. Ungarn ënnert dem Viktor Orban hat och d'Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain blockéiert. Elo soll dann awer formell dat éischt Verhandlunskapitel mat der Ukrain opgemaach ginn. De Selenskyj huet vun engem "schéinen" Dag geschwat.