
Dat ass ee vun de grousse Constate vun Nikosia op Zypern. Do war déi lescht Stonnen en informellen EU-Sommet, e Sommet also ouni konkret Decisiounen, op deen d'Leadere vun Ägypten, Jordanien, Libanon a Syrien invitéiert waren. Et kënnt een net dolaanscht ze kooperéieren.
Wann den neiste Krich am Noen Osten eppes geléiert huet, da wéi wäit déi negativ Konsequenze an enger globaliséierter Welt wierken, gëtt de President vun Zypern Nikos Christodoulides ze bedenken.
"Mir hu gesinn ewéi séier d'Repercussioune vum Krich iwwer Grenzen ewech Problemer maachen. Si menacéieren Zivilisten a schueden der weltwäiter Wirtschaft."
D'EU spiert virop déi ekonomesch Repercussiounen. D'EU-Spëtzt leet alles drun, d'Strooss vun Hormus fir de Pëtrolshandel nees opzekréien. De Rotspresident Antonio Costa versprécht eng verdéift Kooperatioun mat e puer Staaten aus der Regioun. Humanitär Hëllef wou se gebraucht gëtt, diplomatesch Efforten. Awer och den Appell wuel un d'"plus ou moins"-Alliéiert USA an Israel – vereinfacht gesot – lues ze maachen a Wafferouen am Iran awer och am Libanon ze prioriséieren. D'EU muss awer och dréngend no sech kucken. Virop de Portmonni fir d'Joren 2028-34 mécht Suergen. Nei Ausgabe fir Kompetitivitéit, Energie-Onofhängegkeet an Defense klammen an der Prioritéitelëscht. Entweder d'Membere musse méi Sue bäisteieren oder d'Unioun gëtt der manner aus, erkläert d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.
"Et ass eng batter Decisioun. Entweder ginn d'national Contributiounen erop oder d'EU ka manner ausginn. Dat sinn déi zwou eenzeg Optiounen. An anere Wierder: wa manner Budget do ass fir auszeginn, hu mir manner Europa genee elo wou méi Europa gebraucht gëtt."
D'Staatsbudgete vun de Memberlänner sinn all strapazéiert. Der Kommissioun hir Propositioune fir den EU-Budget ze vergréisseren, kommen ënnert anerem beim Däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz net gutt un. Deen huet refuséiert, dass d'EU nei Scholde mécht.
"Dat hunn ech de Kolleginnen a Kollegen hei och nach eemol ganz däitlech gesot. Vun eiser Säit aus geet dat aus nationale Grënn och guer net. Mir steieren elo op ganz haart Budgetsverhandlungen duer. Dat gëllt fir d'Revenuen an d'Depensen."
Wat d'Revenuen ugeet, hat och de Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden sech scho géint nei EU-Steieren ausgeschwat, zum Beispill eng um Tubak. Nei Steiere géife senger Meenung no der Kompetitivitéit méi schueden, ewéi déngen.
Op engem informelle Sommet gi keng Conclusiounen notéiert, respektiv konkret Decisioune getraff.