
D'EU huet gréng Luucht fir déi ëmstridden Iwwernam vun der Commerzbank duerch déi italieenesch Groussbank Unicredit ginn. D'EU-Kommissioun huet déi geplangt Iwwernam "ouni Oplagen" accordéiert, heescht et e Méindeg vu Bréissel. Deemno koum d'Kommissioun zum Schluss, datt d'Fusioun "keng kompetitiounsrechtlech Bedenke" fir den Europäesche Wirtschaftsraum bedeite géif.
No der Aschätzung vu Bréissel hu béid Banken zesummen och just "moderat" Undeeler um däitsche Marché. Et géif op "alle Marchéë" fir Bank-Déngschtleeschtungen an Däitschland "eng Rei vertraulech Competiteure" ginn, huet d'Kommissioun erkläert. Dat géif och fir d'Verdeele vu Kreditter fir den däitsche Mëttelstand gëllen, op déi sech d'Préiwung virun allem konzentréiert hätt.
Mëtt Oktober hat schonn d'Europäesch Zentralbank gréng Luucht fir d'Iwwernam ginn. D'Geschäft gëllt zanterhier als ëmstridden. D'Commerzbank hat sech laang dogéint gewiert, genee wéi och d'Bundesregierung. Fir d'lescht hate béid Banken awer Verhandlungen iwwert en Zesummeschloss opgeholl. Unicredit hat sech scho bal d'Hallschent vun de Stëmmrechter un der Commerzbank geséchert.
De Bund hält zanter der Rettung vun der Commerzbank am Joer 2008 Undeeler un der Bank, aktuell sinn et 12,1 Prozent. Déi däitsch Regierung wëll och no enger Iwwernam Aktionär bleiwen a weiderhin zwee Vertrieder am Opsiichtsrot stellen.