Kris an der BelschNach ëmmer keen Accord iwwert de Staatsbudget a Siicht

Maxime Gillen
Et gëtt nach ëmmer no enger Solutioun fir déi aktuell Regierungskris gesicht.
De Bart de Wever ass zanter Februar 2025 belsche Premierminister.
De Bart de Wever ass zanter Februar 2025 belsche Premierminister.
© EMILE WINDAL/Belga via AFP

An der Belsch gëtt nach ëmmer no enger Solutioun fir déi aktuell Regierungskris gesicht. De Premier Bart De Wever gesäit e Sonndeg de Mëtteg seng Vize-Premieren, fir eng lescht Concertatioun iwwert de Budget. E Méindeg huet hie Rendez-vous beim Kinnek.

E Freideg hat de Bart De Wever schonn eng Rei bilateral Gespréicher mat senge Vize-Premieren. Zanterhier si just nach Aarbechtsgruppen zesummekomm.

Den Ament gesäit et duerno aus, wéi wann de Premier dem Kinnek e Méindeg muss soen, datt et nach ëmmer keen Accord iwwert de Budget gëtt.

Uganks des Mounts hat hien dem Kinnek scho seng Demissioun ugebueden. Dësen huet déi awer refuséiert an hien ugestallt bis e Méindeg mat de Koalitiounspartner weider ze schwätzen.

De Premier, deen zanter Februar zejoert am Amt ass, probéiert de Budget bis 2029 ëm 10 Milliarden Euro ze kierzen, fir de Staatsdefizit an de Grëff ze kréien. Dowéinst stounge Spuermesuren an der Santé an eng Hausse vun der TVA am Raum. Ee vun de Koalitiounspartner ass awer do dogéint. Derbäi kënnt, datt d‘Gewerkschafte géint Austeritéitsmesuren mobiliséiert hunn.

Back to Top
CIM LOGO