Och wann een et mam aktuelle Wieder dobausse gär vergësst: déi véier lescht Joer waren déi Wäermst op der Welt zanter d'Temperaturen notéiert ginn. D'Zäregas-Emissiounen hunn zejoert e Rekordniveau erreecht. Wéi deem entgéintsteieren? Doriwwer gëtt op der COP31 an der Tierkei diskutéiert. Experten aus 197 Länner participéieren. Fir Lëtzebuerg verhandelt den Andrew Ferrone mat op der Weltklimakonferenz. Fir hien ass kloer: D'Transitioun vu fossillen op erneierbar Energië muss elo weltwäit ëmgesat - an deemno och finanzéiert ginn.
E Samschdeg gouf et do Ënnerstëtzung vun der Strooss. Dausende Leit aus aller Welt hunn Drock op d'Weltgemeinschaft gemaach, datt d'Haapt-Versprieche vun 2015, am Kader vun der Cop21 zu Paräis, agehale gëtt. D'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze begrenzen. Dat geet just, an deem een aus de fossille Brennstoffer eraus kënnt an elektrifizéiert.
Do gouf et dës Woch och e kloren Appell, vum Nach-UN Generalsekretär Antonio Guterres.
"Mat de Fossille Brennstoffer muss et goe wéi mat den Dinosaurier. Mee dat geschitt net vun eleng. D'Dinosaurier hate keng Lobby. Fossille Brennstoffer hunn eng."
Domat ass alles gesot. D'Interesse vun eleng den 9 gréisste multinationale Firmen, déi Rekordëmsätz mam Pëtrol maachen, si gigantesch. Lobbyen, déi zanter Jore grouss Fortschrëtter a Richtung erneierbar Energië blockéieren.
"Klimaneutralitéit bis spéitstens 2050, dat muss eist Zil sinn, well soss hu mer keng Chance, fir esou no wéi méiglech um 1 ,5 Grad Ziel ze bleiwen. Elo muss wierklech diskutéiert ginn, wéi kënne mer déi Ziler erreechen. Wat positiv ass, ass dass mer och gesinn, dass verschidde Prozesser parallel zur COP effektiv lafen. Wéi kënne mer aus de fossille Brennstoffer erauskommen? ‘’ sou de Lëtzebuerger Delegatiounschef Andrew Ferrone.
Nierft dem Wëlle bleift d’Finanzement déi zentral Fro.
Wéi eraus kommen? Awer och, wéi dat ganz finanzéieren. Mat Bléck virop op déi Staaten, déi aus sech d'Transitioun net bezuele kënnen. Hei ka Lëtzebuerger Knowhow spillen. Well genuch ëffentlech Gelder géif et net.
Den Andrew Ferrone erkläert: "Mir mussen déi Privatsue mobiliséieren a mir gesinn och, dass dat méiglech ass. Mir hunn zum Beispill eng Plattform mat der Europäescher Investmentbank zesummen, wou mer effektiv et fäerdeg bruecht hunn, aus ronn 60 Milliounen, déi mir als Lëtzebuerger Staat erabezuelt hunn, iwwer 300 Milliounen aus dem Privatsecteur zousätzlech unzezéien, déi dann nach eng Kéier mat engem Facteur bal 10 konnte verduebelt ginn. Fir effektiv dann an déi Projeten ze investéieren, wou et hikënnt. An dat si Projeten, déi wierklech de Länner hëllefen, sech och un de Klimawandel ze adaptéieren."
Den UN Generalsekretär Antonio Guterres huet dës Woch opgeruff, dat déi, déi fir d'Belaaschtung vum Planéit responsabel sinn, bezuelen.
"Eleng am leschte Quartal hunn déi néng gréisst Pëtrols-Gigante 95 Milliarden Dollar u Gewënn gemaach. Am selwechten Zäitraum krut de 'Loss and Damage Fund' nëmmen eng 600 Milliounen Dollar. Souvill Geld verdéngen dës Firmen a ronn 14 Stonnen. Et gëtt Zäit, datt d'Regierungen déi exorbitant Gewënner besteieren a se asetzen, fir vulnerabel Länner z'ënnerstëtzen."
Grouss Schrëtt gi sech keng zu Antalya erwaart. Déi lescht Joren hunn d’Weltklimakonferenze sech éischter dem Rhythmus vun der Iechternacher Sprangpressessioun ugepasst.