Gérard Depardieu zitt Appell zeréck Verurteelung wéinst sexuellen Iwwergrëffer ass definitiv

AFP, iwwersat vun RTL
Den Depardieu gëllt als ee vun de prominentste franséische Schauspiller, déi am Kader vun der #MeToo-Beweegung mat Virwërf vu sexueller Gewalt konfrontéiert goufen.
© AFP

De franséische Schauspiller Gérard Depardieu huet e Méindeg säin Appell géint seng Verurteelung wéinst sexuellen Iwwergrëffer op zwou Fraen zeréckgezunn. Domat ass d'Urteel géint de 77 Joer ale Schauspiller elo rechtskräfteg.

De Gérard Depardieu war d'lescht Joer zu enger Prisongsstrof vun 18 Méint op Sursis verurteelt ginn. Dobäi ass och decidéiert ginn, datt hie misst an e Register fir Sexualstroftäter agedroe ginn.

Beim Prozess ass et ëm sexuell Iwwergrëffer gaangen, déi 2021 bei den Dréiaarbechte vum Film "Les Volets Verts" vum Regisseur Jean Becker virgefall sinn. Bei deenen zwou betraffene Fraen handelt et sech ëm eng Dekoratrice an eng Regieassistentin.

De Réckzuch vum Appell gouf e Méindeg direkt um Ufank vun der Appellsverhandlung offiziell agereecht. Och de Parquet an d'Zivilparteien hunn hir Appeller zeréckgezunn. Domat ass de Prozess ofgeschloss an d'Urteel definitiv.

An enger Erklärung huet de Gérard Depardieu seng Verurteelung akzeptéiert. D'Justiz hätt geschwat, hie wier schëlleg gesprach ginn an hie géif dës Decisioun unhuelen.

Mat dësem Urteel sinn déi juristesch Problemer allerdéngs nach net eriwwer. An enger anerer Affär hat eng franséisch Untersuchungsriichterin 2025 decidéiert, datt de Schauspiller sech wéinst Vergewaltegungsvirwërf viru Geriicht veräntwere muss.

Dobäi geet et ëm d'Schauspillerin Charlotte Arnould, déi ugëtt, 2018 vum Depardieu vergewaltegt ginn ze sinn. De Schauspiller bestreit dës Beschëllegungen an huet géint d'Decisioun, hien unzekloen, Appell ageluecht.

Back to Top
CIM LOGO