
En Donneschdeg waren d’EU-Inneministeren zu Lëtzebuerg beieneen an do gouf decidéiert, datt Centres de rétention an Zukunft och an Drëttstaaten, also Länner, déi net Member vun der EU sinn, opgeriicht dierfe ginn. D’EU-Parlament hat scho gréng Luucht fir déi Mesure ginn.
Uganda a virun allem Ruanda ginn am Dackste fir sougenannt "Return hubs" genannt. Zwar misst ee sech Zäit huelen, fir rechtlech zolidd Projeten auszehandelen, ma d'Politik hoffen, datt nach virun Enn des Jores en Accord decidéiert kéinte sinn.
Déi Decisioun steet och ënnert dem Androck vun de Biller, déi Enn Juli vu Ceuta komm sinn, wou jo Zéngdausende Leit op ee Coup vu Marokko an déi spuenesch Exklav komme wollten.
Donieft sollten d'Ministere weider Mesuren decidéieren, fir Migrante méi séier z'expulséieren. Och dat a Kooperatioun mat Drëttstaaten.
Dem EU-Kommissär fir Migratioun no kéimen déi meescht Migranten an Europa aus Pakistan a Bangladesch, vun do aus géinge se iwwer den Noen Osten an Ägypte bis a Lybien féieren, vu wou aus sëllege Versich gestart ginn, fir mat Booter iwwer d'Mëttelmier ze kommen.
Supporter vu méi strengen Asylreegelen sinn der Meenung, datt dës d'Expulsioune méi einfach maachen a vun illegaler Migratioun an d'EU ofschrecke géingen.
D'Géigner zweiwelen un der Wierksamkeet a fäerten, datt doduerch "rechtlech Grozonen" entstoe kéinten, an deenen d'Grondrechter vu Migranten net méi garantéiert kéinte ginn.