
E wichtege Punkt ass d'Schafe vu sougenannte "Return Hubs" an Drëttstaaten ausserhalb vun der EU. Dohinner kéinte Persoune bruecht ginn, déi net an hiert Hierkonftsland zeréckgeschéckt kënne ginn.
Mannerjäreger ouni Begleedung solle vun dëse Moossnamen ausgeschloss bleiwen. Famillje mat Kanner kéinten awer betraff sinn. Fir esou Zentren opzebauen, missten Accorde mat Drëttstaaten ofgeschloss ginn, déi am Géigenzuch finanziell Ënnerstëtzung oder Visa-Virdeeler kéinte kréien.
Wien net mat senger Réckféierung kooperéiert, riskéiert ënner anerem eng Reduktioun vu Sozialleeschtungen oder d'Saisie vu Reesdokumenter.
D'Zuelen vu Réckféierunge sinn am Joer 2025 geklommen, wärend d'Zuel vun den Asyldemanden an déi vun den irreguläre Grenziwwerschreidungen zeréckgaange sinn.