Verhandlunge fir Ofkommes wäerte "séier" startenEuropa wëll no Grönland-Deal Engagement an der Arktis verstäerken

AFP, iwwersat vun RTL
No der virleefeger Eenegung mat den USA am Sträit ëm Grönland hunn d'Europäer méi Engagement an der Arktis annoncéiert.
Nach der Erleichterung über die vorläufige Einigung im Streit mit den USA um Grönland haben die Europäer ein größeres europäischen Engagement in der Arktis angekündigt.
No der virleefeger Eenegung mat den USA am Sträit ëm Grönland hunn d’Europäescher méi Engagement an der Arktis annoncéiert.
© AFP

No der Erliichterung iwwer déi virleefeg Eenegung am Sträit mat den USA ëm Grönland hunn d’Europäer verstäerkten Engagement an der Arktis annoncéiert. D’Verdeedegung an d’Sécherheet an der Arktis wier d’Responsabilitéit vun der Nato, huet déi dänesch Ministerpresidentin Mette Frederiksen e Freideg no enger Entrevue mam Nato-Generalsekretär Mark Rutte zu Bréissel erkläert. Den dänesche Verdeedegungsminister Lars Lokke Rasmussen huet annoncéiert, datt d’Verhandlungen iwwer d’Detailer vun engem Accord mat den USA iwwer Grönland “zimmlech séier” starte géingen.

No sengem Treffe mat der Frederiksen huet de Rutte op X geschriwwen: “Mir hunn zesummen doru geschafft, déi ganz Nato sécher a geschützt ze halen, a wäerten op eiser Kooperatioun opbauen, fir Ofschreckung a Verdeedegung an der Arktis ze stäerken.”

Och d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hat nom Spezial-Sommet iwwer transatlantesch Relatiounen zu Bréissel erkläert, d’EU hätt “ze wéineg an d’Arktis an d’Sécherheet an der Arktis investéiert”. D’Kommissioun géing “geschwënn en ëmfangräichen Investitiounspak virleeën”. Doriwwer eraus wéilt Bréissel, “d’Zesummenaarbecht mat den USA an alle Partner a Fro an der arktescher Sécherheet ze verdéiwen”.

De Mark Rutte an den Donald Trump hate jo beim Weltwirtschaftsforum zu Davos e “Kader fir en zukünftegt Ofkommes” iwwer d’Sécherheet an der Arktis gëeenegt. Deel vum Deal soll eng Neiverhandlung vum 75 Joer ale Kontrakt iwwer d’US-Militärpresenz a Grönland sinn.

D’Frederiksen hat sech beim EU-Spezialsommet bereet fir Verhandlunge mam Trump gewisen, huet awer och d’Souveränitéit vun hirem Land betount. Hire Verdeedegungsminister Rasmussen huet erkläert, datt déi dänesch Regierung net kommunizéiere wäert, wéini d’Gespréicher mat den USA wäerte sinn. Et géing dorëm goen, “d’Dramatik aus der Saach erauszehuelen”, huet hien argumentéiert. Déi dänesch Regierungscheffin huet annoncéiert, datt si op Nuuk, der Haaptstad vu Grönland, reese géing, fir do de grönlännesche Regierungschef Jens-Frederik Nielsen ze gesinn.


Liest dozou och nach:

Back to Top
CIM LOGO