No Schëss a Kierch zu MinneapolisFBI sicht no Beweiser vun engem méiglechen Terrorakt

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Schéisserei wärend enger Schoulmass sinn e Mëttwoch zwee Kanner ëm d'Liewe komm. Den Täter huet sech duerno selwer ëmbruecht.
© Photo by TOM BAKER / AFP / AFP / AFP

Bei den Affer handelt et sech ëm zwee Schoulkanner vun 8 an 10 Joer. 17 Persoune goufe blesséiert, dorënner 14 Kanner. Zwou vun deene Persoune sollen nach an engem kriteschen Zoustand sinn.

Wéi et heescht, soll den Täter e Mëttwoch mat sengem Gewier vu baussen duerch d’Kierchefënstere vun der “Annunciation Church” déi déidlech Schëss ofginn hunn, dat op Schoulkanner, déi grad an der kathoulescher Schoul an enger Mass waren. Wéi et säitens de Schoul-Autoritéiten heescht, wier dës Mass ofgehale ginn, fir déi éischt Woch vun der Rentrée ze feieren. D’Gebai steet direkt niewent der Schoul vun de Kanner.

Hie wier iwwer d’Schëss an der kathoulescher Schoul informéiert ginn, huet de Gouverneur vu Minnesota, den Tim Walz, op X geschriwwen.

“Ech biede fir eis Kanner an Enseignanten, deenen hir éischt Schoulwoch duerch dëse schreckleche Gewaltakt ruinéiert gouf”, huet de Walz betount. Dës Woch si vill Schüler no der Summervakanz erëm an d’Schoul zréckkomm. An de leschte Wochen hat et an den USA ëmmer nees Berichter iwwer Schëss a Schoule ginn, déi sech awer als falsch erausgestallt haten.

Erkenntnisser a Reaktiounen
Als Täter gouf e Mann identifizéiert, dee schwaarz Kleeder un hat an e Gewier bei sech hat. Op engem Parking virun der Schoul hätt hie sech no senger Dot selwer d’Liewe geholl, heescht et vun den Autoritéiten. Et géif sech ëm een 22 Joer ale Mann handelen, dee sech selwer als Transpersoun gesinn huet, a legal am Besëtz vu Waffe war. Hien hätt virdrun nach ni mam Gesetz a Konflikt gestanen. Den FBI huet Ermëttlungen opgeholl fir ze préiwen, ob en terroristeschen Hannergrond kéint ausgeschloss ginn.

Der US-Ministesch fir de Schutz vun der Heemecht Kristi Noem no hätt den Täter viru senger Dot op d’Magasinn vu senger Waff “Bréngt den Donald Trump ëm” geschriwwen. Donieft hätt och drop gestanen “Fir d’Kanner” an “Wou ass däi Gott?”.

Déi amerikanesch Politik huet sech entsat gewisen. De President Trump huet op de soziale Medie säi Bedaueren ausgedréckt an den Uerder erausginn, bis e Sonndeg d’Fändelen op Hallefmast hänken ze loossen. Och den amerikanesche Poopst Leo XIV. huet seng Undeelnam ausgedréckt.

Back to Top
CIM LOGO