Feelerhaft Hiriichtungen an den USAMësslongen Exekutioun schützt Christa Pike net viru weiderem Versuch

Kevin Kayser
E Mëttwoch war d'Exekutioun vun der 50 Joer ale Christa Pike am US-Bundesstaat Tennessee net wéi geplangt ofgelaf an huet domadder déi ëmstridde Mesure eng weider Kéier an en negatiivt Liicht gestallt.
Mësslongen Exekutioun schützt Christa Pike net viru weiderer Hiriichtung
Et kënnt an den USA ëmmer nees vir, datt et bei onerwaarten Tëschefäll bei Exekutioune kënnt, bei där déi Verurteelt iwwerliewen oder qualvoll stierwen.

D'Christa Pike hätt u sech e Mëttwoch solle mat enger Gëftsprëtz higeriicht ginn. Ma trotz zwou Gëftsprëtze war d'Fra, déi 1996 wéinst engem Mord zum Doud verurteelt gi war, nach um Liewen an huet missen an e Spidol bruecht ginn.

Zeien, déi bei der Exekutioun dobäi waren, hunn d'Situatioun dono beschriwwen. D'Pike hätt d'Vollstrecker, nodeem si d'Sprëtz krut, gefrot, ob et normal wier, datt et sech sou komesch géif ufillen. Si hätt och vill duerch de Raum an op d'Mataarbechter vum Prisong gekuckt. No der zweeter Injektioun wier si ageschlof, hätt awer ëmmer nees no Loft geschnaapt an haart geschnaarcht. Direkt e puer Mol gouf de Riddo, deen tëscht dem Exekutiounsraum an dem Sall mat de Spectateure war, zougemaach.

Problemer triede bei de verschiddenste Methoden op

Enger Etüd vun der Uni Stanford aus dem Joer 2014 no kënnt et bei iwwer 3 Prozent vun den Exekutiounen an den USA zu Feeler. Déi Zuel nennt och d'ONG Death Penalty Information Center, déi op hirem Site sech och mat "botched executions", also feelgeschloenen Exekutiounen, auserneesetzt. Hinnen no sinn an de Joren 1890 bis 2010 3,5 Prozent vun den 8.776 Exekutioune feelgeschloen. Dat entsprécht 276 Fäll.

Opfälleg ass, datt et déi meeschte Problemer mat der modernster Method, also der Gëftsprëtz, gëtt. Hei si 7,2 Prozent vun den 1.054 Exekutiounen net esou verlaf, wéi et geplangt war. Beim Erschéissungskommando iwwregens gouf et keng Feelerquot. An de 34 Fäll, wou op dës Method zeréckgegraff gouf, ass de Verurteelten allkéiers och gestuerwen.

Dem Austin Sarat seng Publikatioun op der Uni Stanford mam Titel “Gruesome Spectacles: Botched Executions and America’s Death Penalty” beschäftegt sech mat feelerhaften Exekutiounen tëscht 1890 an 2010.
Dem Austin Sarat seng Publikatioun op der Uni Stanford mam Titel “Gruesome Spectacles: Botched Executions and America’s Death Penalty” beschäftegt sech mat feelerhaften Exekutiounen tëscht 1890 an 2010.
© RTL Grafik

Als "mësslongen Hiriichtunge" gëlle Fäll, "bei deenen onerwaart Problemer oder Retarden optrieden, déi dem Prisonéier op d'mannst onnéideg Péng verursaachen oder op Inkompetenz vun de Vollstreckter hindeiten", esou de Professer Austin Sarat a senger Publikatioun iwwer d'Doudesstrof an den USA. Ënner anerem zielen dozou och Fäll, wou de Prisonéier bei der Exekutioun um elektresche Stull Feier fänkt, ee beim Erhänken erstéckt an net d'Genéck gebrach krut oder wa bei der Gëftsprëtz d'Doséierung net stëmmt. Respektiv all Ofwäichung vum Protokoll, wéi genee eng Hiriichtung ofzelafen huet, gëtt hei consideréiert.

Bei der Gëftsprëtz, déi och am Tennessee bei der Christa Pike agesat gouf, kënnt et dacks dozou, datt d'Infusioun falsch geluecht gouf. Medezinescht Personal an den USA weigert sech nämlech, sech un Exekutiounen ze bedeelegen an esou ginn dës dacks vum Prisongspersonal geluecht. Och kann den Zoustand vun der Persoun, déi higeriicht soll ginn, en Afloss hunn, dat geet vun hirem Alter, iwwer hire Stresslevel bis zu enger méiglecher Drogenofhängegkeet. D'Chemikalien, déi an der Sprëtz enthale sinn, gi vun de Pharmaentreprisë geheim gehalen.

Wann ee vu mësslongenen Hiriichtunge schwätzt, war et besonnesch schlëmm am Joer 2022. An deem Joer gouf et bei siwe vun den am ganzen 18 Exekutioune Problemer, esou e Rapport vun Death Penalty Info. Déi onofhängeg Medienorganisatioun NPR nennt dëst e "Rekord" fir feelgeschloen Exekutiounen an engem Joer. Hinnen no hu sech deemools och scho Froen zu der Gëftsprëtz gestallt a verschidden US-Bundesstaaten, an deenen d'Doudesstrof nach aktiv ass, dorënner och Tennessee an Alabama, wollten hire Protokoll zu den Doudesstrofe iwwerschaffen.

© Shutterstock

"Botched Execution" féiert net automatesch zum Ophiewe vun der Doudesstrof

Affekote vu Betraffenen a Géigner vun der Doudesstrof argumentéieren, datt et géint den 8. Verfassungszousaz verstousse géif, wa bei enger Persoun, bei där d'Hiriichtung mësslongen ass, e weidere Versuch géif duerchgefouert ginn. Si schwätzen hei vun engem "cruel and unusual punishment" also enger "grausamer an ongewéinlecher Strof". De Blog "Criminal Law Library" schwätzt hei vu verlängertem Leiden an technesche Schwieregkeeten. Dës géifen d'Konzept, datt d'Doudesstrofen an den USA op eng "human" Aart a Weis duerchgefouert ginn, a Fro stellen.

Üblech ass et u sech, datt e Gouverneur vun engem Bundesstaat d'Exekutiounen alleguer aussetzt, nodeem et bei enger Schwieregkeete gouf. Eng onofhängeg Kommissioun ënnersicht dann, wou de Feeler war, an de Protokoll vum Bundesstaat kann dann och ugepasst ginn. Nodeem dës Enquête ofgeschloss ass, lafen d'Exekutiounen normalerweis erëm un.

Trotz de Fuerderungen, datt eng Persoun net eng zweete Kéier dierft exekutéiert ginn, huet den US-Supreme Court schonn 1947 decidéiert, datt en "net gewollte" Systemfeeler, eng "net gewollt" Verzögerung oder en net absichtleche Feeler vum Personal d'Strof net ophiewen, respektiv net géint d'Verfassung verstéisst, esoulaang ee keng grausam Absicht hannert der feelerhafter Exekutioun kann noweisen.

"Mir fannen an deem, wat hei passéiert ass, näischt, wat am Sënn vun der Verfassung enger grausamer oder ongewéinlecher Strof géif gläichkommen. De Fall, deen eis virläit, ass en onglécklechen an net absichtlechen Tëschefall. Mir hu kee Moossstaf, mat deem sech d'Qual, well een op eng zweet Hiriichtung waart, géif moosse loossen. [...] Mir kënnen net zoustëmmen, datt d'Belaaschtung vun engem zweete Versuch, d'Urteel ze vollstrecken, Rechtsspriechung mam aachten Zousaz vun der Verfassung an e Konflikt géif bréngen".

("We find nothing in what took place here which amounts to cruel and unusual punishment in the constitutional sense. The case before us is an innocent misadventure. We have no rod with which to measure the torment of anticipation of a second execution. [...] We cannot agree that the hardship of a second attempt to execute the deed will bring the course of justice into conflict with the Eighth Amendment.")

Louisiana ex rel. Francis v. Resweber, 329 U.S. 459 (1947)
Änlech huet och d'Geriicht 2008 geurteelt. En isoléiert Mëssgeschéck, "isolated mishap" op Englesch, vun enger Exekutioun verstéisst net géint d'Verfassung, well et keng geziilt staatlech Grausamkeet géif duerstellen.

"En eemolegt Mëssgeschéck eleng begrënnt kee Verstouss géint den aachte Verfassungszousaz, well esou een Tëschefall zwar bedauerlech ass, mä net op eng Grausamkeet vun der Method vun der Strof selwer hindeit."

("An isolated mishap alone does not give rise to an Eighth Amendment violation, because such an event, while regrettable, does not suggest cruelty inherent in the method of punishment.")

Baze v. Rees, 553 U.S. 35 (2008)
Fir d'Christa Pike bedeiten dës Decisioune vum Supreme Court, datt si rechtlech net geschützt ass, datt de Staat Tennessee wäert probéieren, si eng weider Kéier hinzeriichten. Och wann een erwaarde kann, datt d'Fuerderungen elo am Bundesstaat haart ginn, fir d'Doudesstrof bei hir auszesetzen.
Back to Top
CIM LOGO