
Wéi d’Noriichtenagence AFP schreift, hätt d’Affekotin vum Schauspiller den AVC op Nofro hin net wëlle confirméieren.
De Journal du dimanche schreift, datt de Pierre Palmade den Hiereschlag “kuerz virun 19 Auer” krut a “bei Bewosstsinn, mä immens schwaach” wier.
De 54 Joer alen Acteur war am Departement fir Drogeproblemer vum Spidol agewisen, wou hien zanter senger Uklo wéinst “homicide involontaire” no engem uergen Accident ënner Drogenafloss ënner Hausarrest mat enger elektronesche Bracelet steet. Parallel gëtt et och eng Enquête wéinst pedopornografeschem Material géint de Pierre Palmade.
Den Humorist ass zënter 2 Wochen am Viséier vun der Justiz an an der medialer Aktualitéit, well hien ënner dem Afloss vun Drogen e schlëmmt Accident provozéiert hat.
RTL News: No “Homicide involontaire": Nei Enquête wéinst Kannerpornografie géint Komiker Pierre Palmade
RTL News: No uergem Accident ënner Kokain-Afloss: Déi neisten Entwécklungen am Fall Pierre Palmade
RTL News: Uergen Accident ënner Afloss vu Kokain: De franséische Komiker Pierre Palmade sëtzt am Garde à vue