Uergen Accident ënner Afloss vu KokainDe franséische Komiker Pierre Palmade sëtzt am Garde à vue

RTL Lëtzebuerg
E Freideg hat de Palmade en uergen Accident am Department Seine-et-Marne provozéiert, dat ënnert der Wierkung vu Kokain. 3 Persoune goufen uerg blesséiert.
© ERIC DERVAUX Hans Lucas via AFP

Zu den Affer gehéieren eng schwanger Fra vu 27 Joer, déi hiert Kand doduerch verluer huet, en 38 Joer ale Mann an e Kand vu 6 Joer.

Nodeems d’Doktere confirméiert hunn, dass dem Komiker säin Zoustand net méi sou schlëmm wier, koum hien a Garde a vue, wou hien dann och kéint befrot ginn. Hie louch ronn 5 Deeg am Spidol.

2 weider Passagéier, déi am Auto vum Palmade souzen, hate sech direkt nom Accident aus der Bascht gemaach. De Affekot vun engem vun de Männer huet sech bei den Enquêteure gemellt a matgedeelt, dass säi Client sech wäert presentéieren. Deen anere Bäifuerer an eng weiblech Persoun, bei där dësen iwwernuecht soll hunn, goufe scho vun der Police verhéiert. Et soll sech beim Mann ëm en 33 Joer ale Marokkaner handelen.

Zwee vun den dräi Affer nom Accident, dat vum Pierre Palmade provozéiert gouf, sinn nach ëmmer an der Reanimatioun. Geschitt ass dësen Accident e Freideg géint 7 Auer owes, dat op der D372 bei Villiers-en-Bière. Wéi et heescht, soll de Palmade en aneren Auto frontal ze pake kritt hunn, dat wéi gesot ënner Kokain-Afloss.

Beim Accident gouf och de Komiker selwer blesséiert. Wéi et säitens senger Schwëster heescht, géif hie sech “schummen” a wier prett fir “d’Konsequenze vu sengen Doten” ze droen an dofir riicht ze stoen.

Back to Top
CIM LOGO