Däitsche BundeskanzlerFriedrich Merz wëll bei méi restriktiver Migratiounspolitik "eescht maachen"

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Regierungschef huet sech um Parteidag vun der CDU Nordrhein-Westfalen zu Bonn op en Neits zu enger méi strenger Migratiounspolitik bekannt.
© HALIL SAGIRKAYA / ANADOLU / Anadolu via AFP

Et géif een eescht maachen a Saache Migratioun esou de Friedrich Merz. Et wier e groussen Erfolleg vun der aktueller däitscher Regierung, dass aktuell esou wéineg Leit op der Sich no Asyl an d’Land géinge kommen, ewéi zanter zéng Joer net méi.

“Mir hu versprach: Mir setzen der illegaler Migratioun en Enn a kommen zu enger geuerdenter Awanderungspolitik zeréck.”, esou den däitsche Regierungschef. Dofir wieren direkt nom Amtsuntrëtt vun der neier Regierung d’Grenzkontrolle verschäerft an iwwer 10.000 illegal Migrantinnen a Migranten zeréckgewise ginn. Iwwerdeems wier en éischte Grupp vu kriminelle Migranten zeréck an Afghanistan geschéckt ginn a weider Vollen an Direktioun Afghanistan a Syrien géifen nach kommen. Ausserdeem wier d’Méiglechkeet, dass Familljemembere vun unerkannten Asylanten kéinten an Däitschland kommen, ageschränkt ginn.

Bei all dëse Saache géing Däitschland op d’Kooperatioun mat sengen europäeschen Nopere setzen, huet et weider vum Merz geheescht. An den Nopeschlänner gëtt et allerdéngs staark Kritik dorun, dass Däitschland Asyl-Demandeuren op de Grenzen zeréckweist an un de verschäerfte Grenzkontrollen. Den däitsche Kanzler huet sech op en Neits zu der geplangter Reform vun der Gemeinsamer europäescher Flüchtlingspolitik via de Gemeinsamen Europäeschen Asylsystem (“Geas”) bekannt.

Déi méi streng Pist an der Migratiounspolitik géif awer näischt dorun änneren, dass Däitschland en Awanderungsland géif bleiwen, an dass et weiderhin Zouwanderung wäert ginn, sou de Merz.

Back to Top
CIM LOGO