Nationalen Trauerdag an der SchwäizGedenkfeier fir Affer vu Brandkatastroph vun 12 Auer un am Livestream

AFP
Gutt eng Woch no der Brandkatastroph an enger Bar zu Crans-Montana gëtt um nationalen Trauerdag an der Schwäiz den Affer geduecht.

An der Schwäiz ass e Freideg nationalen Trauerdag. Et gëtt de 40 Doudesaffer an den iwwer 100 Blesséierte vun der Brandkatastroph vu Crans-Montana geduecht.

Um 14 Auer lauden am ganze Land d’Kiercheklacken a gläichzäiteg ass eng Schweigeminutt geplangt. Zu Martigny bei Crans ass eng zentral Gedenkfeier, bei där sech eng 1.000 Leit erwaart ginn. Nieft Hannerbliwwenen och vill Invitéen aus Länner, aus deenen et Blesséierter gouf. Den italieenesche President Mattarella ass do, de franséische President Macron a fir Lëtzebuerg de fréiere Grand-Duc Henri.

Vun 12 Auer un iwwerdroe mir d’Gedenkfeier am Livestream. Ugefaange mat der Arrivée vun de Gäscht tëscht 12 an 13.45 Auer. D’Zeremonie ass fir 13.45 bis 15.15 Auer geplangt a vu 15.15 bis 17 Auer ass nach eng Pressekonferenz virgesinn.

An der Silvesternuecht war an enger Bar zu Crans-Montana jo e Feier ausgebrach, dat sech immens séier ausgebreet huet an zu enger déidlecher Fal fir 40 Leit gouf. Vill Jugendlecher sinn ëmkomm, dat jéngst Doudesaffer war grad emol 14 Joer al. 116 Persoune goufen deels liewensgeféierlech blesséiert.

Déi groussherzoglech Famill huet zanter laange Joren e Chalet am Schigebitt. De Grand-Duc Henri wëll och de Pompjeeë Merci soen. Ënnert deene Pompjeeën, déi och beim Feier am Asaz waren, ass och e Mann, deen déi Schwäiz-Lëtzebuerger Nationalitéit huet.

E jonke Lëtzebuerger war jo och bei der Brandkatastrof blesséiert ginn. Him geet et den Ëmstänn no, gutt, huet eis säi Papp confirméiert. Hien huet liicht Verbrennungen a liicht “Schürfwonnen”. Wann ee kuckt, wéi et sengen direkte Kolleegen ergaangen ass, hat de Lëtzebuerger wierklech Chance, fir villäicht besser placéiert gewiescht ze ginn. Hien hätt och scho seng Kolleege besicht, een zu Paräis am Spidol an de Futtballspiller zu Metz an der Klinik... dat huet de Papp eisem Reporter zu Crans-Montana, dem Jeannot Ries, erzielt.

De Jeannot Ries live vu Martigny

Haut goufen dann och eng éischte Kéier déi zwee franséisch Bedreiwer vun der Bar gehéiert.
Géint d’Koppel gëtt wéinst homicide a blessures involontaires ermëttelt a wéinst “fahrlässeger Brandstëftung”.
En Dënschdeg hu si verséchert, si géife komplett mat den Enquêteuren zesumme schaffen.

D’Feier soll jo am Keller vun der Bar duerch Freedefeier-Fontänen ausgeléist gi sinn, déi a Schampesfläsche gestach gi waren an déi ze no un de Plaffong gehale goufen.

D’Gemeng Crans-Montana huet och zouginn, datt am Bar zanter 2019 keng Brandschutzkontrolle méi gemaach goufen.


Weider Artikelen zum Theema:




Back to Top
CIM LOGO