Eng Moossnam ass déi, fir der Grenzagence Frontex méi Mëttelen ze ginn, fir an sou enger Situatioun séier kënnen ze agéieren an dat géing Lëtzebuerg ënnerstëtzen, seet den Inneminister Léon Gloden. Gréng Luucht gouf et iwwerdeems fir de Prinzip vun ëmstriddene Retour-Zenteren an Drëttstaaten. Lëtzebuerg ënnerstëtzt déi net.
Nee, Lëtzebuerg géif prinzipiell bei senger Strategie vun de fräiwëllege Retoure bleiwen, bei deene Leit begleet ginn an och finanziell Mëttelen zur Verfügung gestallt kréien, sou de Léon Gloden. Wann där Zenteren da lo awer kommen, da kéint Lëtzebuerg punktuell dovu Gebrauch maachen, sou den CSV-Minister
"Wa Return Hubs do sinn, kënne mir och een oder deen aneren dohinner schécken, zum Beispill ee condamnéierte Kriminellen hei oder och een, deen net bereet ass, zréck ze goen. Mee mir bleiwe bei eiser Meenung, mir wäerte keng Familljen an d'Return Hubs zréckschécken."
Enn Juli wollte bal 80.000 Migrante matenee vu Marokko erfort eriwwer an déi spuenesch Exklav Ceuta. Schold waren ënner anerem falsch Informatiounen, déi am Netz zirkuléiert sinn. Um Kierchbierg gouf och driwwer diskutéiert, wéi dës Fake News besser kënne bekämpft ginn. De Léon Gloden:
"Well de Message war fir déi Leit um Internet, d'Grenze sinn op, dir kommt iwwert Ceuta a Spuenien eran. An do musse mer eis eng global Strategie ginn. Mir mussen direkt an am Viraus kënnen do déi falsch Informatiounen ofhänken a soen, wéi et richteg ass."
Aner Memberstaate plädéieren dofir, datt an extreeme Situatiounen d‘Asyl-Recht temporär ausgesat ka ginn. Fir Lëtzebuerg wier dat keng Optioun.
"Well mir hunn den Droit à l'asile an der Verfassung stoen. Dat heescht, bei eis ass dat rechtlech méiglech. D'europäesch Rechtspriechung doriwwer ass och ganz strikt."
A punkto Ëmsetzung vum Europäeschen Asyl- a Migratiouns-Pak wier Lëtzebuerg e gudde Schüler, seet de Léon Gloden. Aner Länner stéingen do net sou gutt do, sou den Inneminister, zum Beispill Polen.