COP26Greta Thunberg seet UN-Klimasommet wéinst ongläicher Impfstoff-Verdeelung of

RTL Lëtzebuerg
U sech sollt déi schweedesch Klimaaktivistin am November bei der UN-Klimakonferenz zu Glasgow mat dobäi sinn.

Wéinst der “extrem ongläicher Verdeelung” vun de Corona-Impfstoffer tëscht den aarmen a räiche Länner huet sech d’Greta Thunberg entscheet, en Zeechen ze setzen, wann d’Entwécklung sou weidergeet wéi bis ewell.

“Natierlech géing ech gär un der COP26 deelhuelen, awer nëmmen, wann alleguerten ënner gläiche Viraussetzunge kënnen deelhuelen”, sou déi 18 Joer al Schwedin.

AFP no goufe weltwäit bis ewell 700 Milliounen Dosisse gesprëtzt. D’Mënschen an den aarme Länner kruten allerdéngs just 0,1 Prozent dovunner. De WHO-Chef Tedros Adhanom Ghebreyesus huet déi ongläich Verdeelung als “moralesche Skandal” bezeechent.

Eng éischte Kéier hat sech d’Klimaaktivistin 2018 virun dat schweedescht Parlament gestallt a sech fir méi Klimaschutz staark gemaach. Kuerz dorobber huet sech eng weltwäit Beweegung vu jonke Mënschen zesummegedoen. Reegelméisseg gi Schüler aus der ganzer Welt streiken, fir op d’Klimaproblematik opmierksam ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO