Donald Trump"Haten ni wierklech wëlles Diesel-Exporter ze stoppen"

Marlène Clement
Enn September hat den US-President nach Drock op d'EU gemaach.
Ronn d'Hallschent vun den Dieselimporter an der Europäescher Unioun kommen aus den USA.
© AFP Archiv

No der Annonce e Freideg vun de G7-Länner wëlle bis zu 100 Millioune Barrel Diesel a Pëtrol aus hire Reserve fräizeginn, huet den US-President Trump seng Menace vun engem Diesel-Exportstopp zeréckgezunn. Hie géing d'Decisioun vun de G7-Länner begréissen. D'USA hätten ni wierklech wëlles gehat d'Diesel-Exporter ze stoppen, esou den Donald Trump e Freideg, nodeems hie sech Enn September nach fir esou eng Mesure ausgeschwat an domat Drock op d'EU gemaach hat. Ëmmerhin kënnt ronn d'Hallschent vun den Dieselimporter an der Europäescher Unioun aus den USA.

Back to Top
CIM LOGO