
Nach ëmmer keng Entwarnung gëtt et zum Beispill am Weste vun der italienescher Vakanzeninsel Sardinien. Do sinn an Tëschenzäit schonn iwwer 20.000 Hektar Terrain verbannt. 7 Läschfligeren, 13 Helikopteren a 7.500 Secouristen a Fräiwëlleger waren e Méindeg am Asaz, fir d’Feier an der Provënz Oristano anzedämmen. Et gëtt gefaart, datt d’Flame sech weider op aner Gebitter ausbreeden, wann den Nordwand Mistral bis asetzt. D’Autoritéiten op der Plaz bezeechnen d’Gefor weiderhin als “extrem” grouss.
D’Feier war um Weekend ausgebrach, ausgeléist duerch de Südwand Scirocco an déi laang Dréchent. Déi sardesch Autoritéiten hunn den Noutstand ausgeruff, well schonn e Sonndeg méi wéi 20.000 Hektar Bësch a Felder zerstéiert gi sinn.
Ronn 1.200 Mënschen hunn hir Haiser misse verloossen, sou den italienesche Sender “Rai News” e Sonndeg. Et wieren och verängschtegt Touristen aus der Küsteregioun Porto Alabe geflücht, wou och eng Fleege-Ariichtung hätt missen evakuéiert ginn.
“Et ass nach net méiglech, de Schued ofzeschätzen, deen duerch déi ëmmer nach undauernd Bränn an der Géigend vun Oristano entstanen ass, mee et ass eng grouss Katastroph”, sou de sardesche Regionalpresident Christian Solinas. Hien hätt den italienesche Ministerpresident Mario Draghi och schonn dorëm gebieden, en Deel vun de Mëttel, déi fir den Opbau no der Corona-Pandemie virgesi sinn, fir den Opbau vun de vum Feier zerstéierte Gebidder dierfen ze benotzen.
Den italieneschen Ausseminister Luigi Di Maio huet op Facebook och ëm Hëllef aus aneren europäesche Länner gebieden. Frankräich a Griicheland hunn allebéid zwee Läschfligeren am Kader vum europäesche Katastropheschutz zur Verfügung gestallt, fir d’italienesch Rettungsekippen z’ënnerstëtzen.
An de Bierg-Regiounen tëscht Narbonne a Carcassone gëtt et den Ament e gréissere Bëschbrand Do hunn déi franséisch Autoritéiten iwwer 1.000 Pompjeeën op d’Plaz geschéckt. Dat huet den Inneminister Gérald Darmanin via Twitter matgedeelt. Donieft waren och Läschfligeren am südfranséischen Département Aude.
E Samschdeg koum et iwwerdeems zu Stroumausfäll wéinst enger Stéierung un enger Héichspannungsleitung. Eng 100.000 Stéit ware betraff, sou de Provider RTE. Blesséierter ginn et éischten Informatiounen no keng.

Duerch d’Stroumpann a Frankräich war och Spuenien mat betraff. Eleng a Katalonien haten 146.000 Stéit kee Stroum. Concernéiert waren awer och Haaptstad-Regiounen wéi Madrid, an Andalusien.
Am Nordoste vu Spuenien ass de Weekend ronn 100 Kilometer westlech vu Barcelona a Bëschbrand ausser Kontroll geroden. D’Flamen hunn do ronn 1.100 Hektar Bësch a Felder zerstéiert. Et besteet donieft d’Gefor, dass duerch d’Loft an héich Temperaturen ëm déi 30 Grad d’Feier sech weider ausbreede wäert. Bis zu 5.000 Hektar Bësch sinn a Gefor.