Analyse vun der University College LondonHerdenimmunitéit kéint e Méindeg a Groussbritannien erreecht ginn

RTL Lëtzebuerg
Analyse vun der University College London (UCL) no géif Groussbritannien e Méinden d'Schwell zur Herdenimmunitéit iwwerschreiden.

73,4% vun der Populatioun hätte bis den 12. Abrëll e Schutz géint de Covid kritt oder opgebaut. Wéi ausgerechent gouf, wiere bis nächst Woch 31 Milliounen Éischtimpfungen erfollegt. Dobäi komme ronn 4 Millioune Britten, déi schonn eng Coronainfektioun iwwerstanen hunn an dowéinst wuel immun wieren. 10% vun der Bevëlkerung hätten iwwerdeems eng natierlech Immunitéit géint de Virus.

Ënner Berécksiichtegung vun der geschater Wierksamkeet vun der Impfung am Hibléck op d’Immunitéit géif dat bedeiten, dass den Ament 70% vun der Bevëlkerung immun wieren.

Aner Wëssenschaftler gesinn d’Saach allerdéngs méi skeptesch. Den Imperial College London hat viru puer Deeg nach erkläert, dass nëmme ronn 34% vun de Britten de liewenswichtegen Antikierperschutz bis Enn Mäerz erreecht hätten. Fuerscher vun der Universitéit Warwick dogéint sote virun 2 Wochen, d’Herdenimmunitéit wier a Groussbritannien opgrond vun der Mutatioun B.1.1.7. iwwerhaapt net z’erreechen.

Back to Top
CIM LOGO