
400-500 Persounen hate sech owes um St. Johanner Markt getraff an zesumme Party gemaach, ouni op d’Hygiènesmoossnamen opzepassen. E puer vun hinne mussen elo mat juristesche Konsequenze rechnen, heescht et vun der Police.
Ënnert de Partygäscht war och e Grupp vun 30 bis 40 Futtballfans vum 1. FC Saarbrécken, déi mat Fläschen op d’Beamte vun der Police geworf a si beleidegt hunn.
D’Erfarunge vun e Samschdeg den Owend sollen awer och Auswierkungen op ganz Däitschland hunn. D’Police wëll méi staark Presenz weisen a méi Kontrolle maachen, well gutt gemengten Appeller einfach vun Deeler vun der Gesellschaft géifen ignoréiert ginn.
