
Aus senger Siicht wär d’"Strategie vun der Häerdenimmunitéit wierklech mäerderesch”, sou den US-Fuerscher William Haseltine e Freideg bei enger Online-Reunioun mat internationale Gesondheetsexperten. Esou eng Strategie géing zu “dausenden, wann net zéngdausenden” Doudege féieren, sou seng Warnung. “Esou eng Politik wär een Desaster.”
Trotz der Delta-Variant, déi sech a Groussbritannien ëmmer weider ausbreet, trieden an England e Méindeg Lockerungen a Kraaft. Bal all d’Restriktiounen, déi bis ewell a Kraaft waren, ginn opgehuewen. Ënnert anerem falen déi meescht Restriktioune fir grouss Versammlunge wéi och d’Maskeflicht ewech, Diskoen däerfen nees opmaachen.
D’Regierung vum brittesche Premier Boris Johnson bestreit, mat de Lockerungen op eng sougenannt Häerdenimmunitéit an der Bevëlkerung ze setzen. Allerdéngs hat se zouginn, datt d’Zuel vun de Corona-Neiinfektiounen an den nächste Wochen op bis zu 100.000 klamme kéint. Dat géing eng staark Belaaschtung fir d’Klinicke bedeiten.
Den neiséilännesche Wëssenschaftler Michael Baker huet bei der Reunioun gesot, datt Groussbritannien mam Bléck op d’Corona-Impfcampagne een internationaalt Virbild gewiescht wier. Dofir wär et “bemierkenswäert”, datt elo “grondleeënd Prinzippie vun der ëffentlecher Gesondheet” mëssuecht ginn.
D’Wëssenschaftlerin aus Taiwan Chiou Shu-Ti huet sech irritéiert gewisen. “An eiser Kultur gëtt et ee Spréchwuert, dat seet, datt et onethesch ass, de Mënschen de Prabbeli ewechzehuelen, soulaang et nach reent”, sou d’Shu-Ti. Si fäert, datt d’Lockerungen an England virun allem jonk Persounen an deene mat Virerkrankunge schuede kéint.
D’Treffe vun de Wëssenschaftler war vun Auteure vun engem Protestbréif organiséiert ginn, deen déi lescht Woch an der Fachzäitschrëft “The Lancet” verëffentlecht gi war an an deem Experten déi brittesch Regierung dozou opgeruff haten, déi ugekënnegt Lockerungen awer net ëmzesetzen.
