USA schwätze vun "onnéideger Eskalatioun"Israel huet eng verloosse Militärbase a Syrien ugegraff

RTL mat AFP
Damaskus bezeechent den Ugrëff als net gerechtfäerdegt an och d'USA weise sech besuergt iwwert de Militärasaz vun den Israeeli.
Dëse verloossene Fluchhafen a Syrien huet Israel ugegraff
Dëse verloossene Fluchhafen a Syrien huet Israel ugegraff
© ULA MUHAMMED/Anadolu via AFP

Syrien huet der israeelescher Arméi virgehäit, e verloossene Fluchhafe vum Militär am Nordweste vum Land attackéiert ze hunn. Den Ausseministère zu Damaskus huet vun engem Ugrëff geschwat, deen "net gerechtfäerdegt" wier. Déi staatlech Tëlee huet Schied un der Infrastruktur gemellt, et wieren awer keng Blesséierter oder Affer ze bekloen.

Israeelesch Fligeren hätten aacht Mol op d'Landepist vum Fluchhafen Abu Duhur an der Provënz Idlib geschoss. Et wier en "eklatante Verstouss géint d'Souveränitéit an déi territorial Integritéit vu Syrien", sou den Ausseministère weider. Zanter 2012 wier de Site ausser Betrib a géing aktuell vum Verdeedegungministère iwwerwaacht ginn, sou d'Noriichtenagence AFP. Der syrescher Observatiounsagence fir Mënscherechter no hätt kuerz virum Ugrëff eng tierkesch Delegatioun de Fluchhafe besicht gehat.

D'Tierkei ass e wichtegen Alliéierte vun der syrescher Iwwergangsregierung. Israel hat nom Stuerz vum Assad-Regimm Truppen an eng eigentlech neutral UN-Pufferzone op de Golan-Héichten am Süde vu Syrien geschéckt a schonn e puer Mol Ziler am Zentrum vum Land ugegraff. Tel Aviv hat sech mam Schutz vun der Minoritéit vun den Drusen a Syrien gerechtfäerdegt. Trotz de Spannungen hate béid Säiten an de leschte Méint eng Rei direkt Gespréicher gefouert.

Den US-amerikanesche Spezial-Emissaire a Syrien Tom Barrack, dee gläichzäiteg och US-Ambassadeur an der Tierkei ass, huet den Ugrëff als "onnéideg Eskalatioun" bezeechent. D'USA wiere besuergt, dass duerch esou Aktiounen d'Stabilitéit an der Regioun net favoriséiert géing ginn.

Back to Top
CIM LOGO