
Den Entwéckler vun ChatGPT huet annoncéiert, datt d‘NATO Accès kréich zu avancéierter kënschtlecher Intelligenz, mat där een ënnert anerem verdächteg Aktivitéite kéint ënnersichen oder Schwächten a Systemer kéint identifizéieren.
Dës Technologië stäerken eis Cyber-Resilienz, verbesseren eisen operationelle Virdeel a verstäerken eis Kapazitéit kritesch digital Infrastruktur ze schützen an dat an enger komplett neier Vitess an Envergure, heescht et vun der NATO.
OpenAI huet scho mat der EU-Agence fir Cybersécherheet an den nationale Cybersécherheetsagencen a Frankräich, Däitschland a Polen zesummegeschafft.