
Nodeem bekannt gemaach gouf, datt Frankräich Zaldoten an der Ukrain hat, huet de russeschen Ausseminister Sergej Lawrow Frankräich virgeworf, sech um Krich ze bedeelegen. Dat huet Frankräich awer direkt zeréckgewisen. "Dat ass keng Ënnerstëtzung fir d'Ukrain méi, mä eng direkt Bedeelegung um Krich", esou de Lawrow en Dënschdeg zu Manila um Bord vum Sommet vun de Südostasiatesche Staaten (ASEAN). D'Alice Rufo, delegéiert Ministesch fir d'Defense, huet dës Aschätzung als "absurd" zeréckgewisen.
Si confirméiert an enger Äntwert an der Nationalversammlung eng éischte Kéier offiziell, datt et an der Ukrain eng "Struktur fir Koordinatioun" gëtt, déi d'Formatioun vun ukraineschen Zaldoten an d'Reparatioun vun de Rëschtungsgidder erméiglecht. "De Volummen u Personal ass limitéiert", sot d'Rufo ouni awer weider Detailer ze nennen. Déi jeeweileg Missioune wieren "enorm punktuell" a "wäit vun der Front ewech".
"Et handelt sech net ëm eng arméiert militäresch Interventioun am Kader vun engem Krich oder ëm eng direkt Bedeelegung un engem Konflikt", huet d'Rufo weider betount. Dowéinst géif och net de Verfassungsartikel 35 gräifen, deem no de President d'Parlament iwwer en Auslandsasaz vun Zaldoten informéiere muss.
De lénkspopulistesche Kandidat fir d'Presidentielle Jean-Luc Mélenchon huet sengersäits erkläert, datt Frankräich "op kee Fall Krichspartei" dierft ginn. D'Rufo huet him iwwer X geäntwert, datt ausser dem russeschen Ausseminister dëst och kee behaapte géif.
Den Dag virdrun hat de Sender RFI gemellt, datt d'Missioun mam Numm "Voila" vun engem franséische Generol geleet gëtt. "Eng Rotatioun vu Formatiounen a Frankräich, Polen oder punktuell an der Ukrain ass Realitéit", hunn och Leit, déi sech am Dossier auskennen, der AFP confirméiert.
Den Asaz an der Ukrain gëtt ënner anerem domadder begrënnt, datt e Rëschtungsgidder a Stand hält. Dozou zielen Artilleriesystemer vum Typ Caesar a Kamfpjette vum Typ Mirage 2000.
Bis ewell huet kee westlecht Land confirméiert, datt Zaldoten oder Spezialunitéiten an der Ukrain aktiv sinn. Op russescher Säit bedeelege sech nordkoreanesch Zaldoten um Krich géint d'Ukrain.