No Demissioun als Nvidia-ChefJensen Huang mellt sech ze Wuert, Unhéierung den 1. Dezember am US-Kongress

RTL mat AFP
No senger Demissioun als Nvidia-Chef soll de Jensen Huang elo am US-Kongress befrot ginn. En Dënschdeg huet hie sech donieft eng éischte Kéier zanter dem Virfall selwer ze Wuert gemellt.
Der wegen eines Spionage-Skandals zurückgetretene Chef des Nvidia-Konzerns, Jensen Huang, soll in zwei Wochen im US-Kongress befragt werden. Die Anhörung ist für den 1. Dezember angesetzt.
De Jensen Huang soll den 1. Dezember am US-Kongress befrot ginn.
© AFP/Archiv

De fréiere Chef vum Nvidia-Konzern Jensen Huang, dee wéinst engem Spionage-Skandal demissionéiert hat, soll an zwou Wochen am US-Kongress befrot ginn. "Mir si gespaant drop, vum Jensen Huang an (Avocat général vun Nvidia) Tim Teter gewuer ze ginn, wéi eng Rolle si bei enger méiglecher Gefor fir eis national Sécherheet gespillt hunn", hunn déi Virsëtzend vun den Ausschëss fir Auswäerteg Ugeleeënheeten, Noriichtendéngschter a China vum Representantenhaus en Dënschdeg an enger gemeinsamer Erklärung gesot.

Déi dräi Virsëtzend gehéieren all zu der Republikanescher Partei vum President Donald Trump. D'Unhéierung ass fir den 1. Dezember ugesat.

Den Huang hat demissionéiert, nodeem seng Affäre mat e puer Fraen ëffentlech gemaach goufen. Eng vun de Frae soll eng chineesesch Spiounin sinn. Hir gëtt ënner anerem reprochéiert, chineesesche KI-Acteuren iwwer Ëmweeër Zougang zu Héichleeschtungs-Nvidia-Chippe ginn ze hunn, fir déi eigentlech Export-Beschränkunge gëllen.

Nvidia spillt an der internationaler Technologie-Course ëm d'KI eng Schlësselroll als Entwéckler vu leeschtungsstaarken Chippe fir Rechenzentren. Den Huang hat Nvidia gegrënnt a war wéinst dem KI-Boom zu engem vun de räichsten a mächtegsten Entrepreneuren op der Welt opgestigen. Hie gëllt och als inoffizielle Beroder vum President bei KI-Froen.

Den US-Handelsministère hat e Méindeg wéinst dem Skandal nei Virschrëften erlooss. Si solle verhënneren, datt chineesesch Entreprisen US-Chippe vun der neister Generatioun iwwer Datenzentren an Drëttlänner notzen. An Zukunft brauche Fournisseuren elo eng US-Lizenz, wa si chineeseschen Entreprisen am groussen Ëmfang Recheleeschtung op Basis vun den Héichleeschtungschippen zur Verfügung stelle wëllen.

Huang mellt sech ze Wuert

En Dënschdeg de Mëtteg huet sech de Jensen Huang dann op der Plattform X eng éischte Kéier zanter dem ganze Virfall selwer ze Wuert gemellt. Nvidia wier säi "Liewenswierk" an eng Entreprise, déi et sou just all Generatioun géif ginn. Obwuel hie Feeler a sengem perséinleche Liewen agesteet, déi der Entreprise geschuet hätten, géif hie sech awer "geéiert" fillen, als CEO zréckzekommen, wann d'Direkteren dat decidéiere géifen.

Liest dozou och

Back to Top
CIM LOGO