
Zu Ostia bei Roum ginn e puer privat Anlagen ofgerappt, fir do ëffentlech a gratis zougänglech Plagen unzeleeën. D'Zil ass, d'Längt vun de gratis Plagen do vu 1,2 op 6,5 Kilometer ze erhéijen.
Aktuell ass méi wéi d'Hallschent vun den italieenesche Plagen am Besëtz vu private Bedreiwer. Fir zwou Ligen an e Sonneprabbeli bezuelen d'Leit am Duerchschnëtt ronn 40 Euro den Dag a verschiddene Regioune souguer däitlech méi.
D'Regierung wëll den Accès zum Mier nees méi fräi maachen. Vill privat Anlage blockéieren de Wee mat Zénk a Maueren, obwuel d'Küst eigentlech ëffentlecht Gebitt ass. Am Kader vun enger EU-Direktiv sollen d'Konzessioune vun 2027 u reegelméisseg nei ausgeschriwwe ginn.