E Méindeg de Moie géint 9:30 Auer koum et op der N8 tëscht Bruch a Recken zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Ënnert anerem de SAMU war op d'Plaz geruff ginn. Éischten Informatiounen no goufen zwou Persounen an d'Spidol bruecht.
D'N8 war bis 11:25 Auer tëscht de Kräizunge mam CR114 (Rue de Bissen) an dem CR115 (Helperwee) komplett vir de Verkéier gespaart.