Plakeg an ënner DrogenaflossFra zu Nürnberg attackéiert Passanten a Polizisten

AFP, iwwersat vun RTL
Zu Nürnberg huet eng plakeg Fra, déi ënnert dem Afloss vun Droge stoung, nawell fir vill Opreegung gesuergt.
Eine mutmaßlich unter Drogen stehende, nackte Frau hat in Nürnberg randaliert sowie Menschen angegriffen. Die 39-Jährige beschädigte unter anderem die Windschutzscheibe eines Auto sowie das Handy eines Busfahrers und schlug einem Mann gegen den Kopf.
© AFP/Archiv

Déi 39 Joer al Fra hat e Samschdeg ënner anerem de Pare-brise vun engem Auto wéi och den Handy vun engem Buschauffer beschiedegt an engem onbedeelegte Passant mat der Fauscht op de Kapp geschloen. Dat mellt d'Nürnberger Police e Méindeg. E weidere Mann gouf dann och nach liicht blesséiert, wéi hie vun der Fra geschloen a mam Fouss gerannt gouf.

Och engem Policebeamte wollt d'Fra mat der Fauscht an d'Gesiicht schloen. Wéi si sech op enger Gare ëmmer méi aggressiv géigeniwwer der Police verhalen huet, hunn dës Pefferspray géint si agesat an zu Buedem bruecht. Zwee Polizisten hunn dobäi ënner anerem Krazwonnen dovugedroen. D'Fra koum no hirer Festnam an e Spidol. Géint si gëtt elo ënner anerem wéinst Kierperverletzung, Saachbeschiedegung a wéinst enger Attack op e Policebeamten ermëttelt.

Back to Top
CIM LOGO