Ukrain-KrichIwwerraschend Visitt vum däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz zu Kiew

Marlène Clement
Hien ass e Sonndeg de Moie fréi ugereest a mat dobäi war och d'Wirtschaftsministerin Katherina Reiche.
© KAY NIETFELD/dpa Picture-Alliance via AFP

Iwwerraschend Visitt vum Bundeskanzler Friedrich Merz zu Kiew. E Sonndeg de Moie fréi ass hien zesumme mat der Wirtschaftsministerin Katherina Reiche an enger Delegatioun vun Entreprisen aus de Beräicher Rëschtung an Energie an der ukrainescher Haaptstad ukomm. De Friedrich Merz huet dobäi weider Hëllefe fir d'Ukrain ugekënnegt. D'Ukrain soll zäitno Dausenden Drone geliwwert kréie fir russesch Dronen ofzewieren, heescht et aus Regierungskreesser. Doriwwer eraus soll d'Waffeproduktioun virugedriwwe ginn an et solle weider finanziell Hëllefe kommen, fir d'Reparatur an den Neesopbau vun zerstéierte Kraaftwierker.

Back to Top
CIM LOGO