
Et sinn aner Problemer, déi opfalen: Elengsinn an d’Angscht, wat d’Zukunft bréngt. Vun der Politik fillt sech de Gros vu jonke Mënschen tëscht 15 an 30 Joer am Stach gelooss.
Dat geet aus der Auswäertung vun 2 Etüden an Däitschland ervir, déi d’Universitéiten Hildesheim a Frankfurt en Dënschdeg verëffentlecht hunn. D’Deutsche Kinderhilfswerk huet d’Etüd als “alarmant” bezeechent.
D’Befrounge vum Fréijoer an Hierscht d’lescht Joer goufen an Zesummenaarbecht mat der Bertelsmann-Stiftung analyséiert. An enger éischter Jugend-Befroung tëscht Abrëll bis Ufank Mee 2020 hu sech 5.520 Jonker bedeelegt, bei der Zweeter de leschte November waren et der iwwer 7.000. Den Duerchschnëttsalter louch bei 19 Joer.
61% vun de Befroten hunn uginn, sech deels oder permanent eleng ze fillen. 64% hu vu psychesche Belaaschtunge geschwat, 69% vun Zukunftsängscht. Donieft hu gutt een Drëttel vun de Jugendleche finanziell Suerge geäussert, virun der Coronakris louch deen Taux bei ongeféier engem Véierel.
Déi Jonk wëllen och net just op hir Roll als Schüler, Stagiairen oder Studente reduzéiert ginn. De coronabedéngte Verzicht op Kontakt zu Frënn a gläich ale Matmënschen, organiséiert Fräizäitaktivitéiten oder d’Méiglechkeet sech selwer z’entfalen, gëtt aus hirer Sicht an enger ëffentlecher Debatt kaum thematiséiert, a scho guer net unerkannt. Vill vun hinne sinn der Meenung, dass déi Jugendlech de Politiker net wichteg genuch sinn, dat hunn ëmmerhin 58% vun de befroe Jugendleche gesot.
“Corona huet d’Problemer vu ville jonke Mënsche verstäerkt”, sou de Invité vun der Redaktioun (19. Mäerz) - Michèle Kridel: Restriktiounen aktuell nach ëmmer eng Belaaschtung Déi Jonk hätten Ängschten, géinge sech isoléiert fillen, mä se wieren och desillusionéiert. D’professionell Perspektive wieren net gutt. D’Formatiounen an d’Stagë wieren wéinst der Pandemie net méiglech.En Enn vun de Restriktiounen ass nach net en Vue.
