DäitschlandJustizministesch wëll méi streng Strofe fir Attacken op Zuchpersonal

AFP, iwwersat vun RTL
Bei engem Ugrëff op Zuchpersonal soll et an Däitschland an Zukunft eng Prisongsstrof vun op d'mannst sechs Méint ginn.
Den Ugrëff op de Schaffner ass e Méindeg den Owend geschitt.
Den Ugrëff op de Schaffner ass e Méindeg den Owend geschitt.
© MICHAEL NGUYEN/NurPhoto via AFP

Déi däitsch Justizministesch Stefanie Hubig huet méi streng Strofe fir Attacken op Mataarbechter vun der däitscher Bunn annoncéiert. Wa Passagéier hier Aggressiounen ëmmer méi staark un Zuchbegleeder a Maschiniste géifen ausloossen, misst een deem eppes entgéintsetzen, sou d'SPD-Politikerin géigeniwwer den Zeitunge vun der "Funke Mediengruppe". Et géing dobäi ëm méi goen, wéi de Schutz vun eenzele Persounen. Et géing ëm de Schutz vun der Allgemengheet. Den entspriechende Projet de Loi géif bannent den nächste Wochen am Regierungskabinet presentéiert ginn.

De Projet géing virgesinn, Polizisten, Geriichtsvollzéier, Pompjeeën, Secouristen, medezinescht Personal a Mataarbechter vum ëffentleche Verkéier ënner e besonnesche Schutz ze stellen. Bei engem Ugrëff op si soll et an Däitschland an Zukunft eng Prisongsstrof vun op d'mannst sechs Méint ginn. A besonnesch uerge Fäll soll de Minimum esouguer bei engem Joer leien. Aktuell läit de Minimum bei dräi respektiv sechs Méint.

D'Cheffin vun der Deutsche Bahn Evelyn Palla an de Virsëtzende vun der Eisebunnsgewerkschaft Martin Burkert begréissen d'Initiativ vun der Ministesch.

Am Februar war jo e 36 Joer alen Zuchbegleeder an engem Regionalexpress a Rheinland-Pfalz bei enger Attack esou uerg blesséiert ginn, dass hien zwee Deeg drop gestuerwen ass. Beim presuméierten Täter handelt et sech ëm e Lëtzebuerger Resident, dëse war zum Zäitpunkt vun der Attack 26 Joer al.

Schaffner zwee Deeg no Ugrëff gestuerwen
Presuméierten Täter vun Dot an Zuch a Rheinland-Pfalz ass e Lëtzebuerger Resident
04.02.2026

Back to Top
CIM LOGO