
"D'Loftwaffebasis Edwards huet eng schrecklech Tragedie erlieft a mir hunn aacht wonnerbar Amerikaner verluer", esou de Kolonell James Hayes e Méindeg (Lokalzäit) viru Journalisten op der Basis. De Laangstreckebomber vum Typ B-52 Stratofortress war scho kuerz nom Start erofgefall.
D'Maschinn war ëm 11:20 Auer (20:20 Auer eiser Zäit) vun der Basis am Nordoste vu Los Angeles gestart. Der Basis no war et ee routineméissegen Testfluch am Kader vun enger Radar-Moderniséierung. Déi aacht Passagéier wiere Membere vun der Arméi, vun der Regierung an Zivilisten, déi um Optrag bedeelegt waren, gewiescht. D'Ongléck wier "net ze iwwerliewe" gewiescht, huet et geheescht.
A Video-Opnamen ass ze gesinn, wéi Damp vu verbranntem Buedem an den Himmel klëmmt. Vum Fliger schéngt net vill iwwreg bliwwen ze sinn. Op der Plaz waren och eng Rei Asaz-Ween ze gesinn. D'Secouriste wieren dem Hayes no direkt op der Plaz gewiescht, ma si hätte misse feststellen, datt et keng Iwwerliewender gouf.
Et gouf an engem éischten Ablack keen Hiweis op d'Ursaach vun dem Accident. De Virfall gëtt elo ënnersicht, och am Hibléck op d'Sécherheet. D'Fluchfeld ass der Loftwaffebasis no zou gemaach ginn an all aner Fligeren an Helikoptere goufen ëmgeleet.
De B-52 ass ee Kampffliger mat aacht Motoren, deen zanter den 1950er am Asaz ass an deen och an der Lag ass, Atomwaffen ze droen. D'Flott vu Bomber-Fligere gouf zanter dem Enn vum Kale Krich ëmmer nees moderniséiert. D'Fligere waren ënnert anerem am Vietnam, am Afghanistan a fir d'lescht och am Iran am Asaz.