Teheran an USA mellenKeng Hiriichtungen en Donneschdeg am Iran

AFP, iwwersat vun RTL
No de Menacë vun den USA huet Teheran d'Hiriichtungen am Iran fir zwee Deeg gestoppt. Trotzdeem ruffen d'Staaten hir Awunner op, d'Land ze verloossen an d'Lufthansa meit de Loftraum vum Iran.
Nach Drohungen von US-Präsident Donald Trump hat Teheran eine Aussetzung der Hinrichtungen im Iran für Mittwoch und Donnerstag bekannt gegeben. Die Lufthansa teilte mit, sie meide "bis auf Weiteres" den Luftraum über dem Iran und dem Irak.
Demonstratiounen am Iran
© AFP

No Menacë vum US-President Donald Trump huet Teheran Hiriichtungen am Iran fir e Mëttwoch an en Donneschdeg ausgesat. Et wäert “weder haut nach muer” Hiriichtungen duerch Erhänke ginn, sot den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi e Mëttwoch an engem Interview mam US-Sender Fox News. Den Donald Trump huet erkläert, d’"Ëmbréngen” am Iran hätt opgehalen. D’Lufthansa huet iwwerdeem matgedeelt, datt si “bis op Weideres” de Loftraum iwwer dem Iran an dem Nopeschland Irak meide wäerten.

“Si hunn opgehalen, et gi keng Pläng fir Hiriichtungen”, sot den Trump bei engem Event am Wäissen Haus viru Journalisten. Dëst hätt hie vun “zouverlässege Sourcen” héieren. Fir d’lescht hat d’Justiz am Iran annoncéiert, mat méi séiere Prozedure géint d’Demonstrante virzegoen, déi bei de regierungskritesche Protester festgeholl gi waren.

Op d’Fro, ob eng militäresch Interventioun vun den USA domat ausgeschloss wier, huet den Donald Trump geäntwert: “Mir wäerten et eis ukucken a kucken, wéi de Prozess ofleeft.” Fir d’lescht hat den US-President jo mat enger staarker Reaktioun gedreet, falls Teheran wéi annoncéiert Demonstranten hiriichte géing. En Dënschdeg hat hien op senger Online-Plattform Truth Social fir d’Demonstranten am Iran geschriwwen, datt Hëllef “ënnerwee” wier.

Bedenke wéinst Recht op Liewen

D’Mënscherechtsorganisatioun Hengaw huet iwwerdeem confirméiert, datt d’Hiriichtung vum Demonstrant Erfan Soltani effektiv ausgesat gi wier. Et géingen allerdéngs weiderhi “seriö an dauerhaft Bedenke” mat Bléck op d’Recht op Liewe vum 26 Joer ale Soltani, huet de Grupp erkläert, dee mat Familljemembere vum Soltani a Kontakt ass. Mënscherechtsgruppen a Washington hu gewarnt, datt d’Hiriichtung vum Soltani fir e Mëttwoch geplangt war.

Friddlech Maniffe wiere manipuléiert ginn

Teheran huet wärenddeem betount, datt een d’Protester ënner Kontroll bruecht hätt. Een héichrangegen iranesche Vertrieder sot Journalisten, et hätt zanter e Méindeg keng nei “Ausschreidunge” ginn, déi hie gläichzäiteg vu fréieren Demonstratioune géint Liewenskäschten ënnerscheet huet. “All Gesellschaft ka Protester erwaarden, mä mir wäerte keng Gewalt toleréieren”, sot hie weider.

Am Interview mam Sender Fox News sot den iraneschen Ausseminister, Teheran hätt “no dräi Deeg vun terroristeschen Operatiounen”, déi vun Israel inzenéiert goufen, déi “komplett Kontroll” iwwer d’Situatioun am Iran. Déi friddlech Maniffe wieren tëscht dem 7. an 10. Januar vu bausse manipuléiert ginn, fir datt vill Leit ëm d’Liewe komme sollten, “fir de President Trump ze provozéieren, sech an dëse Konflikt anzemëschen an en neie Krich géint den Iran unzefänken”, sot den Araghtschi. Och den iranesche Justizminister Amin Hossein Rahimi huet dës Behaaptung ënnerstëtzt. D’Maniffen nom 7. Januar wiere “keng Protester méi” gewiescht. Wien do verhaft gouf, wier “definitiv e Kriminelle” gewiescht.

Brittesch Ambassade zou a Lufthansa evitéiert Loftraum

Eng Rei Staaten, dorënner Indien a Spuenien, hunn hir Bierger opgeruff, den Iran wéinst der ugespaanter Sécherheetslag ze verloossen. Déi brittesch Regierung huet bekannt ginn, hir Ambassade zu Teheran wier “temporär zou”.

An och de Fluchverkéier ass vun den Entwécklunge betraff. D’Lufthansa huet bekannt ginn, “bis op Weideres” de Loftraum iwwer dem Iran an dem Irak ze meiden. Dës géing “fir all Fluchgesellschafte vun der Lufthansa-Grupp” gëllen, heescht et vun engem Spriecher géigeniwwer der AFP. Donieft wiere bei Verbindungen an déi israeelesch Metropol Tel Aviv an déi jordanesch Haaptstad Amman vun en Donneschdeg u bis nächste Méindeg mat d’Réckfluch nach de selwechten Dag.

Den UN-Sécherheetsrot trëfft sech en Donneschdeg op Demande vun den USA fir e “Briefing” zu der Situatioun am Iran.


Weider Artikelen zum Theema:

Back to Top
CIM LOGO