
D'ukrainesch Loftwaff huet d'Notzung vu Loftofwiersystemer, déi mat KI schaffen, bekannt ginn. Fir op russesch Attacke mat Dronen ze reagéieren, géingen elo "robotesch Systemer op Brécken installéiert", sot de Spriecher vun der ukrainescher Loftwaff, de Juri Ihnat, e Méindeg op der nationaler Tëlee. Se wieren och schonn an den Asaz komm.
Der Noriichtenagence AFP sot den Ihnat, datt déi nei Systemer "optesch Siicht a KI" notzen, "fir de mënschleche Facteur auszeschalten a Schléi auszeféieren". Dem Technologieberoder vum ukrainesche Verdeedegungsministère Serhij Beskrestnow no wieren zu Kiew schonn zwielef esou Systemer installéiert. Weiderer solle kommen.
Den Ihnat huet erkläert, datt déi nei Systemer nëmmen e klengen Asazradius hätten. Si kéinten "an enger Distanz vun engem Kilometer agesat ginn", sot hien der AFP. Donieft géingen d'Systemer nëmme funktionéieren, "wann d'Konditioune gënschteg sinn, wann de Fluchwénkel vun der Attack gëeegent ass". Et wier also "kee Wonnermëttel".
Russland hat seng Dronen- a Rakéitenattacken op Kiew an de leschte Méint verstäerkt. Moskau setzt verstäerkt neiaarteg Dronen an, déi méi séier fléien a méi schwiereg ofzefänke sinn.