Am Kampf fir Russland gefall Kim Jong Un tréischt Famillje vun nordkoreaneschen Zaldoten

RTL Lëtzebuerg
Den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un huet sech mat de Famillje vun Zaldote getraff, déi bei hirem Asaz un der Säit vu Russland am Krich gefall sinn.
© AFP

De Kim Jong Un hätt den Hannerbliwwene säi Bäileed fir déi grouss Trauer ausgeschwat, mellt déi nordkoreanesch Noriichtenagence KCNA e Samschdeg. Deemno hat de Staatschef e Freideg eng Ried gehalen, déi un d’Famillje vun den Affer geriicht war. Dat nodeems hie sech d’lescht Woch bei enger anerer Zeremonie nëmme mat e puer Hannerbliwwene getraff hat.

“Ech hu vill iwwer d’Famillje vun anere Märtyrer nogeduecht, déi net do waren”, sot de Kim KCNA no e Freideg mat Bléck op déi viregt Zeremonie. Hien hätt dëst Evenement organiséiert, “well ech déi Hannerbliwwe vun allen Helden treffen an tréischten an hir Trauer an hir Péng op d’mannst e bëssen huele wëll”, sot de Kim Jong Un.

Hien huet ausserdeem versprach, an der Haaptstad Pjöngjang en Denkmal fir déi gestuerwen Zaldoten opzeriichten an huet erkläert, datt de Staat d’Kanner vun den Affer komplett ënnerstëtze wäert.

“Mäin Häerz deet nach ëmmer wéi beim Ubléck vun dëse klenge Kanner”, sot de Kim weider. “Ech, eise Staat an eis Arméi wäerten déi komplett Responsabilitéit fir si iwwerhuelen a si zu bewonnerenswäerten, standhaften a couragéise Kämpfer ausbilden - wéi hir Päpp et waren.”

Wéi vill nordkoreanesch Zaldote schonn am Krich géint d’Ukrain gefall sinn, huet Pjöngjang bis ewell net matgedeelt. Seoul schätzt d’Zuel un Doudegen op ëm 600 - wärend Dausende weider blesséiert goufen.

Südkoreanesch a westlech Geheimdéngschter no hat Nordkorea 2024 iwwer 10.000 Zaldoten a Russland geschéckt, déi virun allem an der Grenzregioun Kursk agesat goufen.

Back to Top
CIM LOGO