USAKongress huet d'Walvictoire vum Joe Biden confirméiert

RTL Lëtzebuerg
Och d'Trump-Supporter konnten dëst net verhënneren: De Kongress huet d'Resultat vun den US-Wale confirméiert.
© RTL-Grafik

Wéi geet et nom Chaos weider an den USA? / vum Pierre Jans

Den ofgewielten US-President Donald Trump huet annoncéiert sech net méi dogéint ze stellen, dass den Joe Biden d’Amt vum President den 20. Januar iwwerhëlt an domat de 46. US-President gëtt. Hie wär awer nach ëmmer net mam Walresultat averstanen, heescht et an engem Message op Twitter aus dem Cabinet vum Trump.

Kuerz virun dësem Statement hat den US-Kongress d’Victoire vum Demokrat Biden confirméiert. Dat no groussem Chaos e Mëttwoch den Owend zu Washington. D’Debatten am Senat an am Parlament iwwer dem Joe Biden seng Victoire bei den Presidentschaftswale waren ënnerbrach ginn, well Supporter vum Republikaner Donald Trump d’Parlamentsgebai mat Gewalt gestiermt haten. D’Police huet Stonne gebraucht, bis se d’Gebai an den Terrain ronderëm nees ënner Kontroll haten. Am Chaos koume 4 Mënschen ëm d’Liewen.

D’Onroue gi queesch duerch d’Welt ganz schaarf verurteelt.

Virop natierlech an den USA selwer. Kritik kënnt vun Demokraten a Republikaner. De Sécherheetsberoder adjoint vum President Trump, de Matt Pottinger, ass schonn zeréckgetrueden. Wéi verschidde Medie schreiwen, géifen zwee weider héich Beamten am Wäissen Haus sech dat selwecht iwwerleeën. Insgesamt 6 Persounen aus dem President sengem enke Krees, soe si géifen zerécktrieden. D’Demokratin an Spriecherin vum Parlament Nancy Pelosi huet vun enger Attack op d’Demokratie geschwat, fir déi ee sech schumme misst. Ugestëft aus héchstens Regierungskreesser. Ugestëft vum Trump.

Och den Leader vun der demokratescher Minoritéit am Senat Chuck Schumer huet den ofgewielte President Trump responsabel gemaach fir dës Onrouen. Um Enn wären et eben Zitat – domm Leit – gewiescht, déi den Kapitol gestiermt hunn.

Och den Lëtzebuerger Chefdiplomat Jean Asselborn mécht de Moien am RTL-Interview an éischter Linn net déi eenzel Trump-Supporter responsabel fir de Chaos.

Vill Politiker weltwäit reprochéieren dem Donald Trump, dës Eskalatioun bewosst provozéiert ze hunn. Zanter senger Néierlag bei de Presidentschaftswale weist den Trump sech als schlechte Verléierer, seet a virun allem twittert Onwourechten, wéi zum Beispill, dass beim Ausziele vun de Stëmme gefuddelt gi wär. E Mëttwoch am fréie Mëtteg hat hie seng trei Supporter nach opgefuerdert op Washington ze kommen. Hie sot: “Mir wäerten an de Kapitol goen. Et hëlt ee sech säi Land net duerch Schwächt zeréck. Dir musst d’Stäerkt weisen.”

“Den epochalen Konflikt huet grad eréischt ugefaangen”, schreift e Politikwëssenschaftler an der däitscher “Zeit”. D’Biller vum Kapitol wäerten esou séier net aus de Käpp verschwannen. D’Demokratie hätt awer gewonnen. Déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel huet sech en Donneschdeg de Moien optimistesch gewisen.

D’Schied, déi den Donald Trump an den amerikaneschen Institutiounen hannerlooss huet, wäerten awer net vun haut op muer verschwannen. Den Joe Biden an d’Kamala Harris wäerte vill schaffe mussen, fir nees Vertrauen an d’Politik ze schafen. Den 20. Januar iwwerhëlt den neie President am Wäissen Haus. Als éischt steet awer wuel d’Lutte géint d’Corona-Pandemie um Orde du Jour.

US-Kapitol gestiermt: 4 Persoune gestuerwen, wochelaangen Ausnamezoustand fir Washington verhaangen

Back to Top
CIM LOGO