E Mëttwoch gouf den US-Kapitol gestiermt, 4 Persoune koumen ëm d'Liewen. Éischt Politiker hu reagéiert an den US-President Trump ferm kritiséiert.

Reaktioune vu Lëtzebuerger Politiker

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet sech an der Nuecht op en Donneschdeg um kuerz virun 1 Auer op Twitter zu Wuert gemellt a seng Suerg zu den Entwécklungen an den USA ausgedréckt.

D'Biller géinge weisen, dass den Donald Trump e Verbriecher ass, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview. Et wier e "politesche Brandstëfter, dee virun d'Strofgeriicht gehéiert". Den Trump gouf wuel demokratesch gewielt, mä hien hätt mat Demokratie absolut näischt um Hutt, hie géing d'Verfassung, Geriichtsurteeler a Walresultater ignoréieren. De 6. Januar 2021 ass en "9/11 op d'Demokratie".

De Jean Asselborn iwwer d'Faiten an den USA

Ma och aner Republikaner hätte Schold un der Eskalatioun an um Vergëfte vum politesche Klima an den USA den Ament, sou nach d'Kritik vum Minister Asselborn.

D'Familljeministesch Corinne Cahen huet d'Eskalatioun zu Washington mat de Wierder "onvirstellbar" a "grujeleg" beschriwwen.

"Mir si mat iech" war de Message vum Lëtzebuerger Finanzminister Franz Fayot an de sozialen Netzwierker. Hie schwätzt vun engem "inakzeptabelen Ugrëff op d'Demokratie".

Den Deputéierte vun déi Lénk, den David Wagner, schwätzt vun enger Eskalatioun, déi duerch strukturelle Rassismus a joerzéngtelaange verwuerzelten Neoliberalismus geschaaft gouf.

Politolog Robert Harmsen

„Et si Biller, déi mech schockéiert hunn, an Zeenen, fir déi ee sech schumme soll an déi ee staarken Dysfonctionnement vun der Demokratie erëmspigelen." Dat seet de kanadesche Politikwëssenschaftler Robert Harmsen am RTL-Interview, Professer op der Uni Lëtzebuerg. Dës Aktioun vu Pro-Trump-Manifestante wär virun allem och e Resultat vun all de Ligen an all de polariséierenden Rieden, déi den Donald Trump déi lescht Joren iwwer gehalen huet.

Reaktiounen aus dem Ausland

Vum däitschen Ausseminister Heiko Maas heescht et, dass den Trump a seng Ënnerstëtzer "endlech d'Entscheedung vun den amerikanesche Wieler*innen akzeptéieren an ophale sollen, d'Demokratie mat de Féiss ze rennen."

"Dat ass net Amerika", waren d'Wierder vum EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell. "An den Ae vun der Welt schéngt déi amerikanesch Demokratie haut den Owend ënner Belagerung", sou de Borrell an huet vun engem Ugrëff op d'US-Demokratie, hir Institutiounen an hire Rechtsstaat geschwat.

Änlech Wierder koumen och vum franséische President: "Wat haut zu Washington DC geschitt ass, ass net Amerika, definitiv net", huet den Emmanuel Macron an engem Video-Message betount. "Mir gleewen un d'Stäerkt vun den Demokraten. Mir gleewen un d'Stäerkt vun enger amerikanescher Demokratie."

Eng weider Reaktioun aus Frankräich koum en Donneschdeg vun der Rietspopulistin Marine Le Pen. Si huet am Gespréich mat France 2 d'Handele vun den Trump-Unhänger verurteelt: "Ech mengen, dass mir an enger Demokratie d'Recht verdeedege mussen ze protestéieren, ze demonstréieren, awer friddlech". Wéi och aner franséisch Bierger huet si d'Biller als "extrem schockant" empfonnt. "All Gewaltdot, den demokratesche Prozess z'ënnergruewen, ass onzoulässeg", sou d'Martine Le Pen.

Gewalt an d'Ausübung vu politesche Rechter an demokratesche Fräiheete kéint een net ënnert en Hutt bréngen, sou den italienesche Ministerpresident Giuseppe Conte.

Et wier wichteg, d'Unhänger vum Trump dovun ze iwwerzeegen, d'Gewalt sinn ze loossen, den demokratesche Prozess an hir Rechtsstaatlechkeet ze respektéieren, huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres ënnerstrach.

Den hollännesche Ministerpresident Mark Rutte huet sech via Twitter direkt un den Donald Trump geriicht a gesot: "Här Trump, erkennt haut d'Victoire vum Joe Biden un."

Den éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz huet sech schockéiert gewisen iwwert d'Virfäll zu Washington. Hien huet sech fir eng friddlech Iwwergab vun der Muecht ausgesprach.

Sebastian Kurz

Kritik koum och vun de fréieren US-Presidenten George W. Bush a Barack Obama.

Schockéiert an traureg huet sech den designéierte President Joe Biden gewisen. D'USA ass e Land vun Toleranz a Respekt, net vu Chaos, sou den Demokrat.

En Donneschdeg de Moien huet sech och déi däitsch Bundeskanzlerin zu Wuert gemellt. "Mech hunn déi Biller rosen an och traureg gemaach", sot d'Angela Merkel.  Eng Grondreegel vun der Demokratie wier et, dass et Gewënner a Verléierer ginn. Déi däitsch Politikerin géing bedaueren, dass den Donald Trump bis Enn November net zu senger Néierlag gestanen hätt, an e Mëttwoch, de 6. Januar 2021, och net.

Den iranesche President Hassan Ruhani bezeechent d'Ereegnesser vun e Mëttwoch als Scheitere vun der westlecher Demokratie. "E populistesche Mann hätt dem Ruff vum Land geschuet," huet de Ruhani op der Tëlee gesot.

Och den israelesche Ministerpresident Benjamin Netanyahu huet d'Virfäll am Kapitol verurteelt. Hie wier awer iwwerzeegt dovun, dass d'Demokratie an den USA gewanne wäert. "Si huet et ëmmer gemaach".

Dem Bundespresident Frank-Walter Steinmeier no wier den US-President Donald Trump verantwortlech fir d'Onrouen an den USA. Et wier e "Stuerm op d'Häerz vun der Demokratie" gewiescht, provozéiert duerch den amtéierende President selwer. Donieft huet de Steinmeier d'Confirmatioun vum Biden senger Wal-Victoire begréisst. "Déi amerikanesch Demokratie ass méi staark wéi Haass an Hetz", huet den däitsche Politiker betount.

Op Twitter huet de brittesche Premier Boris Johnson d'Zeenen am US-Kongress verurteelt a geschriwwen, dass eng friddlech Amtsiwwergab vun zentraler Bedeitung wier.

Héchst besuergt weist sech och den Nato-Generalsekretär. Déi demokratesch Wal misst respektéiert ginn, fënnt de Jens Stoltenberg a schwätzt vun "schockéierenden Zeenen".

© RTL-Grafik