
Dat an der Géigend vun der Stad Levanger eng 500 Kilometer nërdlech vun Oslo. D’Lach huet Deeler vun der Autobunn E6 an de Schinnen. déi nieft der Strooss verlafen, an Déift gerappt. Wéi et vun den norwegesche Medien heescht, géif en Aarbechter, dee sech an der Géigend opgehalen huet vermësst ginn. Et géif een dovun ausgoen, dass de Mann dout ass.
De Mann huet fir eng norwegesch ëffentlech Firma geschafft, déi Aarbechten duerchgefouert huet, fir de Buedem laanscht d’Schinnen ze stabiliséieren. Wéi et vun der Firma heescht, wier et den Ament nach ze fréi, fir ze soen, ob d’Aarbechten dozou gefouert hunn, dass sech d’Lach opgedoen huet.