DäitschlandLénksextreem Aktiviste blockéiere Büro vun Ausseminister Wadephul

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, hu sech am Trapenhaus vum Bürosgebai véier vermummt Persounen niddergelooss, fir op eng Geriichtsaffär an Ungarn opmierksam ze maachen.
© AFP

E Méindeg de Moien hu véier vermummt Aktiviste vun der lénksextreemer Organisatioun “TurboKlimaKampfGruppe Kiel” (TKKG) de Büro vum däitschen Ausseminister Johann Wadephul blockéiert. Wéi d’Police mellt, hätte si sech “friddlech” am Trapenhaus vum Gebai zu Rendsburg niddergelooss. Op Instagram heescht et vun den Aktivisten, si wéilten den CDU-Politiker u seng “Aufgaben als Ausseminister” erënneren.

Dobäi bezéie si sech op de Fall vun der Maja T., déi aktuell zu Budapest wéinst presuméierter Kierperverletzung bei Protester géint Rietsextreemer am Februar 2023 viru Geriicht steet. Aktuell drot der däitscher Aktivistin do eng Prisongsstrof vu bis zu 24 Joer. D’Fuerderung vun der Maja T. wier en Enn vun der Isolatiounshaft, besser Haft-Bedéngungen, e faire Prozess, sou wéi Hausarrest an Däitschland, bis et zum Prozess kënnt.

De Johann Wadephul selwer ass aktuell op Visitt a Kroatien, wou ënner anerem iwwert d’Situatioun vun der Ukrain an d’EU-Handelspolitik geschwat gëtt.

Back to Top
CIM LOGO